Dës Zuele sinn aus enger Äntwert vun der Sozialministerin Martine Deprez op eng Question parlementaire vum DP-Deputéierte Gérard Schockmel ervirgaangen.
2020-2024: Den Duerchschnëtt louch bei 65 Joer
D’Zil vun der Sozialministerin ass et jo, datt den effektive Pensiounsantrëttsalter an d’Luucht geet. Interessant ass et am Regime général, also dem Privatsecteur, ze gesinn, datt am Duerchschnëtt 23,5 Prozent vun de Leit an de Joer 2020 bis 2024 eréischt mat 65 Joer an d’Pensioun gaange sinn.
Op där anerer Säit huet een iwwer 28 Prozent, déi viru 60 an d’Pensioun gaange sinn, an déi also op d'mannst 40 Joer laang cotiséiert hunn, oder déi speziell Beruffer hunn, wou ee méi fréi ka pensionéiert ginn.
De Gros awer geet tëschent 60 a 65 Joer an d’Pensioun, woubäi d’Äntwert vun der Sozialministerin net preziséiert, wéi vill vun deene vun de Komplementarperiod kënne profitéieren, ewéi Studiejoren oder Erzéiungsjoren, oder eben och 40 Joer laang cotiséiert hunn.
Physesch Belaaschtung spillt eng Roll
An der Industrie, am Handel oder och am Bau ginn et déi meeschten Departe viru 60 Joer. Et sinn och déi Secteuren, wou ee ganz fréi ufänkt mat schaffen. Och de Finanzsecteur ass do relativ gutt vertrueden.
An der Tranche vun de 60 bis 61 Järeger sinn et praktesch déi selwecht Secteuren.
Deemno kann een draus schléissen, datt déi physesch Belaaschtung ewéi am Bau, mee och déi laang Karriär, d’Leit dozou beweegt, méi fréi an d’Pensioun ze goen.
An a Punkto Invaliderent ginn et ronn 5.500 Persounen, déi wéinst Aschränkungen déi accordéiert kruten.
Déi meescht fënnt een am Bau, an de Gesondheetsservicer oder och am Handel.
Preretraiten a Chômage
Interessant ass och ze gesinn, datt vun deene ronn 45.000 Persounen, déi an d’Pensioun gaange sinn, der just 25.000 effektiv eng berufflech Aktivitéit haten. Dat heescht, datt se ënner anerem eng Preretraite haten, am Chômage waren oder keng Aktivitéit haten.
A wéiwäit et der Regierung effektiv méiglech wäert sinn, de reelle Pensiounsantrëttsalter an d’Luucht ze setzen, geet net kloer aus där Äntwert ervir.
Vill vun deene Persounen erfëllen nämlech schonn d’Krittäre vun de 40 Joer Cotisatiounen, sinn an enger Preretraite oder se sinn an enger Invaliderent.