arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bei der Pensiounskeess ginn et Problemer beim Ëmsetze vun der Pensiounsreform

CNAP

|
headphones

4 min

Bei der Pensiounskeess ginn et Problemer beim Ëmsetze vun der Pensiounsreform

Bei der praktescher Ëmsetzung vun der Pensiounsreform kënnt d'Pensiounskeess (CNAP) de Moment net esou séier virun, wéi initial gehofft: dat huet de President Alain Reuter dem Radio 100,7 op Nofro hi schrëftlech confirméiert.

headphones

4 min

© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

D’Gewerkschaftsunioun OGBL-LCGB hat um Dag vum Vott an der Chamber vun der Pensiounsreform den 18. Dezember 2025 virun "enorme Problemer" bei der Ëmsetzung vum Gesetz bei der CNAP gewarnt.

Wéi mir confirméiert kruten, hunn deen Dag d’Vertrieder:inne vun de Gewerkschaften an der Sitzung vum Verwaltungsrot vun der Pensiounskeess géint intern Ëmsetzungsschrëtt bei der CNAP gestëmmt. D’Vertrieder:inne vum Patronat hate sech beim Vott enthalen: eisen Informatiounen no, well een dat deementspriechend Dokument ze kuerzfristeg kritt hätt. D’Verwaltung hätt awer alles am Grëff, heescht et vu Patronatssäit.

LCGB warnt viru Problemer

Den LCGB-Gewerkschaftler an Délégué assuré am Conseil vun der CNAP Christophe Knebeler stellt awer fest, datt d’CNAP op den 1. Januar net méi Personal kritt hätt, an informatesch bei der Pensiounskeess net alles ëmgesat wier.

“An dat jo dann am Traitement vun den Demanden e Problem gëtt. Dat ass d'Beispill fir de Steierabattement, wou jo dann elo Demandë kënnen erakommen, déi awer net direkt kënne verschafft ginn (...). Dee selwechte Problem ass awer och am Niveau zum Beispill vun der Pension progressive, déi esou geschriwwen ass, datt et eng aarbechtsrechtlech Mesure ass, an datt et am Fong mol keng Pensioun ass, an déi och esou komplizéiert ass, datt mir dovunner ausginn, datt am Endeffekt iwwerhaapt kee kann dorop zeréckgräifen. An datt och d’CNAP enorm Problemer huet, dat ze geréieren. An dat musse mir extreemst bedaueren, well elo hu mir hei u sech e Gesetz, wat gestëmmt ginn ass, wou awer da weesentlech Dispositiounen dovunner ganz schwéier ëmsetzbar sinn, respektiv mat Retarde bei den Assurée kënnt. An et ass dat, wat mir am Fong do bemängelt hunn elo am Dezember.”

Bei all eenzelem Problem hätten d’Gewerkschafte keen anere Choix, wéi sech un d’Sozialministerin Martine Deprez (CSV) ze wenden oder an d’Press ze goen, seet de Christophe Knebeler vum LCGB.

Gréisser Retarde fir normal Pensiounsufroen?

Wéinst dëse Problemer wiere Retarde fir déi Verséchert net auszeschléissen.

“Et ass ganz kloer, dat hu mir och ugemellt, och bei der Ministesch selwer. A mir wäerten dat doten elo mussen am A halen. A wann do gréisser Retarde kommen, och fir Leit, déi dann normal hir Pensioun froen, domat si mir net d'accord. Et kann net sinn, datt mat esou enger Reform wéi déi heiten, dann elo och nach déi Leit, déi normal an d'Pensioun kënne goen, eventuell Retard an hirem Dossier kréien, well dann d'Administratioun mat aneren Demanden iwwerschwemmt gëtt an déi net d'Zäit haten, sech do propper ze adaptéieren. Dat ass och net de Feeler vun der Administratioun, wollt ech dat awer och kloer soen. Well wéi solle si sech vun engem Dag op deen aneren einfach do kënnen ëmstellen? Dat geet jo net. Dat heescht, do hätt missen eng Iwwergangsphas virgesi ginn, datt dat propper kann ëmgesat ginn, datt d'Administratioun an deem Sënn prett ass, fir do déi méi Aarbecht direkt kënnen opzefänken an datt dann eebe keng Retarden entstinn. Dat hu mir net.”

Gewerkschaften: et muss gesetzlech nogebessert ginn

OGBL an LCGB wieren der Meenung, datt sécher gesetzlech misst nogebessert ginn, an dat esou séier wéi méiglech, esou de Christophe Knebeler: déi béid Gewerkschaften hate gefuerdert, datt dat scho virum Vott vun der Pensiounsreform hätt misste geschéien. De Bedenke wier awer net Rechnung gedroe ginn, well et net de politesche Wëllen dofir ginn hätt.

“Also wann Dir mech elo frot, dann ass et warscheinlech wéinst dem Zäitdrock, jo, wou hei gekuckt ginn ass, dat doten dann elo an enger Rekordzäit ze evakuéieren, well et ass jo awer quasi an zwee Méint, wou déi dote Reform duerch déi ganz Instanze gaangen ass, wat schnell ass, fir esou eng Reform. An d'Avisen hu jo och deementspriechend missten alleguer schëtzeg geschriwwe ginn, also dat ass schonn e sportleche Programm gewiescht, a mir hunn net fir näischt am Avis vun der Chambre des Salariés jo och geschriwwen, datt mir der Meenung wieren, et wier besser u sech elo déi manner problematesch Dispositiounen dann direkt ëmzesetzen an déi méi problematesch, wou mir dann och alles am Detail opgelëscht hunn, fir déi awer nach eng Kéier ze iwwerschaffen a sech dann do déi Zäit ze huelen, déi propper ëmzesetzen. (...) Also d'Cotisatiounserhéijung, all déi Elementer, déi hate mir do net am Viséier, déi hätte kéint ëmgesat ginn. An et ass dann éischter wierklech déi, wou d’CNAP Zäit brauch fir se ëmzesetzen oder wou awer an der Prozedur net alles ganz kloer ass, déi Saachen, déi hätt een u sech da missen zäitversat ëmsetzen.”

Et wier dramatesch fir déi Leit, déi sech elo a Problemfäll géifen erëmfannen, bedauert de Christophe Knebeler vum LCGB.

Well d’Pensiounskeess CNAP matten an der Ëmsetzung vun den Adaptatioune wier, wéilt een zu dësem Zäitpunkt keen Interview ginn, huet et d’lescht Woch vun der Pensiounskeess geheescht.

Et wier essenziell, datt d’Verwaltung op de Support vu sengem Verwaltungsrot kéint bauen, hat de President Alain Reuter eis nach Enn vum leschte Joer geschriwwen.