arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iwwer d’Hallschent vun de Pensioune gëtt an d’Ausland iwwerwisen

Pensiounen

|
reading time

1 min

Iwwer d’Hallschent vun de Pensioune gëtt an d’Ausland iwwerwisen

Enn Dezember huet d’Pensiounskeess d’CNAP 243.427 Pensioune bezuelt. D’Zuel vun de Pensiounen ass bannent 10 Joer ëm 44 Prozent geklommen.

reading time

1 min

Pensioun | © Bigstock
Pensioun (Foto: Bigstock)

Iwwer d’Hallschent, dat heescht 125.000 Pensiounen, ginn an d’Ausland iwwerwisen. 114.000 bleiwen zu Lëtzebuerg. Am Laf vum leschte Joer krut d’CNAP 25.000 nei Dossieren agereecht.

D’Keess huet am Ganze 7,55 Milliarden u Pensiounen ausbezuelt. Dovunner goufe ronn 4,8 Milliarden hei am Land iwwerwisen. De Rescht geet an d’Ausland.

Kompensatiounsfong: Revenu an Héicht vun 1,25 Milliarden Euro

D’Reserven, déi de Kompensatiounsfong geréiert, hunn zejoert iwwerdeems trotz internationalen Tensiounen e Revenu an Héicht vun 1,25 Milliarden Euro generéiert. Dat war ee Rendement vu 4,25 Prozent.

D’Reserven, déi de Fong geréiert, erreechen domadder Enn 2025 32 Milliarden Euro, dat heescht 4,24 Mol de Montant, dee pro Joer fir d’Pensiounen ausgi gëtt.