Iwwer Wiederextremer a Rekorder déi gebrach ginn héiert een ëmmer méi heefeg an de Noriichten. De Luca Mathias vu Meteolux erkläert, datt et doduerch och ëmmer méi delikat gëtt, Wiederprognosen ze maachen.
Ob all Wiederlag op de Klimawandel zeréck ze féieren ass, kann een net ëmmer an Zesummenhang bréngen. Als Beispill nennt de Meteolog komplex Donnerwiederlagen. Hie betount awer och, datt Hëtztwellen duerch de Klimawandel ëmmer méi heefeg an ëmmer méi intensiv virkommen.
Meteo ass net gläich Klima
Et wier awer wichteg, sou neutral an objektiv wéi méiglech iwwer d’Wieder ze berichten, fir de Leit keng Angscht ze maachen. De Luca Mathias géif et och fir sënnvoll halen, faktesch op extrem Wiederlagen hinzeweisen an an de Medien op eventuell d’Zesummenhäng mam Klimawandel opzeklären. Et misst ee sech awer och ëmmer bewosst bleiwen, datt Meteo a Klima net dat selwecht sinn.
Alles an allem hu sech zu Lëtzebuerg d’Erwaardungen un d’Temperature geännert: Summere mat iwwer 30 Grad ginn als normal empfonnt, woubäi dat awer fir des Regioun éischter aussergewéinlech sollt sinn, betount de Luca Mathias nach weider.