arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi de Réidener Lycée den Handyverbuet ëmsetzt

Vu Juni un

|
reading time

4 min

headphones

4 min

play_arrow

Wéi de Réidener Lycée den Handyverbuet ëmsetzt

Vum 2. Juni un, als no der Péngschtvakanz gëllen och an de Lycéeë méi streng Reegele fir den Ëmgang mat Smartphonen an der Schoul. Déi genee Ëmsetzung bleift de Lycéeë selwer iwwerlooss, mee eng Grondreegel ass verflichtend. Wärend dem Unterrecht muss eng physesch Distanz tëschent Handyen a Schüler garantéiert ginn.

reading time

4 min

headphones

4 min

play_arrow
Smartphone an der Schoul | © Bigstock / dolgachov
Smartphone an der Schoul (Foto: Bigstock / dolgachov)

Doriwwer eraus huet de Educatiounsministère zwou zousätzlech Variante vum sougenannten Handyverbuet proposéiert. D’Aféieren vun handyfräien Zonen, oder e generellt Handyverbuet fir bestëmmten Altersgruppen.

De Réidener Lycée huet sech fir den "Niveau 2" vum Handyverbuet entscheet. Scho virun der Annonce vum Ministère gouf et hei am Gebai d’Reegel, datt d’Schüler um Ufank vun all Cours hiren Handy ofgi mussen, an et hätt och schonn handyfräi Zone ginn. Elo wier et also drëms gaangen, dës Mesuren nach auszewäiten, erkläert den Alexis Schloesser, Directeur adjoint am ALR.

Totalverbuet mécht kee Sënn

D'Bibliothéik, de Sportberäich, d‘Schwämm, d'Sportshal an Vestiairë ware schonn Handy-fräi Zonen an elo wier nach d'Kantinn dobäi komm.

Dëse "Mëttelwee" wier der Direktioun no déi méi richteg Méiglechkeet, fir d’Schüler ze sensibiliséieren, wéi ee kompletten Handyverbuet am ganze Gebai. Där Meenung war och den Andy Schammo, Enseignant am Beräich vun der voie de préparation am ALR.

"(...) well en Totalverbuet d'Schüler just dohinner dreift an Ecker, wou se dann awer heemlech benotzen (...)"

Manner Undrang an der Kanntinn

An de leschte Méint gouf am Réidener Lycée schonn eng Testphas mat dësen neie Mesuren duerchgefouert. Dono gouf et Feedback vun de Schüler an och vum Personal, sou nach den Directeur adjoint Alexis Schloesser.

"De Feedback, dee mer vun de Schüler a vun de Personal kruten ass, datt definitiv an der Kantin manner Undrang ass, doduerch datt d'Schüler d'Dëscher méi fräi, méi séier fräi maachen, well se eeben net nach laang sëtze bleiwen an do op hirem Handy ronderëm daddelen, mee datt se wierklech dann iessen an dann duerno hir Fräizäit eeben ausserhalb vun der Kantin genéissen."

Wat d’Situatioun an der Kantinn ubelaangt, confirméieren d’Schüler datt et effektiv ee positiven Impakt op d’Sëtzplazen huet déi zur Verfügung stinn. Ob si duerch déi feelend Oflenkung méi bewosst iessen oder méi Zäit fir Gespréicher mat Matschüler hunn, wäert sech nach weisen.

Fir de Recht schwätze sech d’Schüler awer prinzipiell éischter géint een Handyverbuet an der Schoul aus.

Fir Ëmdenke suergen

"De Problem vum Iwwerkonsuméiere vum Handy ass am Fong net an de Schoulauerzäiten, mee doheem", seet d’Amélie, eng Deuxièmes-Schülerin a Member vum Schülercomité am ALR. A Punkto Sensibiliséierung fir ee bewossten Ëmgank mam Smartphone géif ee Verbuet net duergoen, vill méi bräicht een hei Erklärungen, fir datt déi nei Initiativ dat gewënschten Zil vum Ministère – nämlech déi Jonk besser virun den negativen Auswierkungen duerch déi digital Medien ze schützen, och erreecht, seet de Semir, och Member vum Schülercomité am ALR a Vize-President vun der CNEL, dem nationale Schülercomité.

"Do hu mer jo weeder eng Erklärung nach soss eppes. Dat ass eebe just, wou ech soen, okay, mir huelen hinnen eng gewësse Fräiheet fort, eng gewësse Saach huele mer hinnen e fort, wou se herno net verstinn, firwat. A mir mussen hinnen ee schonn erklären an am beschten och si dozou encouragéieren, selwer drop ze kommen, déi Iwwerleeung ze maachen. Wat ass den Handy? Wat ass d'Gefor dovunner? Wat sinn d'Risiken."

Trotzdeem wier dat hei elo ee Kompromëss, sou nach d’Schüler.

Elo misst een ofwaarden, wéi sech d’Situatioun entwéckelt, heescht et nach vun den Personal am Réidener Lycée, dës Variant vum Handyverbuet wier nom beschte Wëssen a Gewëssen en place gesaat ginn. Wat awer net ausschléisse géif, datt an engem hallwen oder engem Joer Adaptatioune gemaach musse ginn.

play_arrow Lauschteren