Als Famill zesummen ze iesse verbënnt a vermëttelt dem Kand d’Gefill, dozou ze gehéieren. Et weist awer och, wéi wichteg d’Iessen am Alldag ass. Doriwwer eraus kënnen Dëschgespréicher bei der Sproochentwécklung vum Kand hëllefen a vermëttelen d’Wäerter vun der Famill. Den Iessdësch ass quasi eng Schoul vum Liewen, seet d’Simone Schammo.
Den Iessdësch: Keng Plaz fir Negativitéit
Dat Wichtegst awer wier, datt eng entspaante Stëmmung um Iessdësch herrscht. Dofir proposéiert d’Simone Schammo och, wéinstens eemol den Dag als Famill zesummen ze iessen, och wann et net evident ass, se all mateneen op een Dësch ze kréien. Den Iessdësch soll och net d’Plaz vu groussen Diskussiounen oder Streidereie sinn, betount d’Simone Schammo. Problemer an der Schoul oder de Chaos am Zëmmer sollen idealerweis net ugeschwat ginn, well d’Kand den Iessdësch da mat enger gewësser Negativitéit verbënnt. D’Kand riskéiert, keng Loscht méi um Iessen ze kréien.
Sträittheema Handy
Ee groussen Diskussiounspunkt a ville Famillen ass den Handy um Iessdësch. Duerch d’Benotze vum Handy beim Iesse fält d’Wichtegkeet vum Iesse fort. Et kritt ee manner mat, wat een ësst, an d’Gemeinsamkeet geet verluer. Dat gëllt iwweregens net just fir Kanner, mee och fir déi Erwuessen, sou d’Simone Schammo. Bicher oder Zeitungen um Dësch liesen hätten dee selwechten Effekt, esou d’Vertriederin vun der Eltereschoul. Wichteg ass, datt een de Kanner keng Grenze soll setzen, un déi ee sech da selwer net hält.
D’Kand wëll näischt iessen, an elo?
D’Kanner zum Iesse bréngen ass awer just deen een Deel. Wat, wann d’Kand net alles wëll iessen? Oder ëmmer dat selwecht wëll iessen, zum Beispill Nuddelen? Dem Simone Schammo no ass et wichteg, wann een als Elteren d’Situatioun gutt observéiert. Dacks mengt een als Eltere just, datt d’Kand just bestëmmte Liewensmëttel ësst. Tatsächlech ginn dräi Véierel vun de Kanner duerch eng Phase vun Neophobie alimentaire. Do soll een als Elteren am beschte keen Drock ausüben an ëmmer nees nei Saache fir ze iesse proposéieren. Mee et dauert seng Zäit, esou d’Simone Schammo. Wann ee sech wierklech vill Suerge mécht, da kann ëmmer Frënn oder souguer ee Spezialist ëm Rot froen.
Op d’Observatioun kënnt et un
Et kann och hëllefen, wann d’Kanner schonn an d’Preparatioun vum Iesse matagebonne ginn. Si kënne bei der Preparatioun hëllefen, oder scho virdru mat akafen oder mat an de Gaart goen. Dacks iessen d’Kanner besser, wa se gesinn, vu wou d’Liewensmëttel hierkommen, esou d’Simone Schammo. Et kann een hinnen och roueg d’Méiglechkeet ginn, iwwer de Menü matzëentscheeden.
Alles dat hëlleft awer näischt, wann d’Kand schlussendlech net roueg um Dësch setze bleift. Wéi kann een also domadder ëmgoen, wann d’Kand séier ofgelenkt ass? Och hei sollen d’Elteren d’Situatioun als éischt mol observéieren, proposéiert d’Simone Schammo. Vläicht huet d’Kand keen Honger, well et eng Stonn virdrunner schonn eppes ze iesse kritt huet. Oder et war de ganzen Dag net aktiv genuch, a wëll dofir elo vill bougéieren. Heinansdo kënnen et och Klengegkeete sinn, wéi zum Beispill een ze héije Stull: wann de Kanner hir Féiss fräi baumelen, fille si sech vläicht manner wuel, a wëllen dofir vum Iessdësch fort.