Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Junior Varsity - New York

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wéi bereet een den Auto richteg op de Wanter vir?

Den Hallwer Néng

Wéi bereet een den Auto richteg op de Wanter vir?

De Summer huet sech laang gezunn dëst Joer, an awer kënnt en elo esou lues op en Enn: D’Temperature fänken un erof ze goen, an et gëtt ëmmer méi naass. Dat heescht och, datt et Zäit gëtt fir d’Pneuen ze wiesselen.

auto_stories

2 min

headphones

22 min

play_arrow

De Wanter ass ouni Zweiwel fir den Auto eng ongemittlech Joreszäit a virun allem och ëmmer nees fir Iwwerraschunge gutt. Besonnesch Moies wann et heescht op d’Aarbecht ze fueren. Dann ass Niwwel oder et reent oder schneit mat ganz glate Stroossen. Vun allem kann een am Wanter hunn.

Dofir ass et wichteg och den Auto op de Wanter ze preparéieren, an do kommen engem jo als éischt Wanterpneuen an de Kapp. Der klassescher Fauschtreegelen no soll ee vun Oktober bis Ouschtere mat Wanterpneuen ënnerwee sinn. De Frank Maas, vum Diagnostic Center vum ACL, erkläert, datt een dat upasse kann.

“Natierlech kann een de Pneuewiessel de Wiederkonditiounen upassen, dat heescht wann ee mierkt datt d’Wieder mei schlecht gëtt, da kann ee se schonn éischter drop maachen. Wann ech lo kucken, de Fall wou mer lo hunn, datt fir d’nächst Woch Minustemperature gemellt sinn, da kann een et elo villäicht scho maachen.”

Bei Wanterpneue misst een iwwerdeems oppassen, datt se nach op d’mannst 4 mm Profil hunn, fir och am Schnéi anstänneg ze funktionéieren. 

Zur Preparatioun vum Auto op de Wanter géif awer nach vill méi wéi nëmmen de Wiessel vun de Pneue gehéieren, betount de Frank Maas.

Lauschtert de ganzen Interviewplay_arrow