D'Entreprisen déi Drone gebrauche sinn divers: Bureau-d'étuden, déi vermiessen oder Inspektioune maachen awer och Fotografen oder Entreprisen déi Shows mat Drone maachen.
Dacks fänken d‘Schwieregkeete fir de Gebrauch vun Drone scho bei de bürokrateschen Demarchen un, erkläert de Gilles Rock. Gläichzäiteg huet hien awer Versteesdemech dofir. Et gëtt ëmmer méi einfach, Dronen ze benotzen. Dofir kafen sech och ëmmer méi Leit der. Da kéint et och mol „méi enk ginn um Himmel“. Ëmmerhin deelt ee sech de Loftraum och mat Fligeren an Helikopteren. De Risiko, och fir fatal Accidenter, ass also do, betount de Gilles Rock.
Bei Dronen iwwer 250 Gramm muss een dofir als Operateur ugemellt sinn an et muss een ee Führerschäi gemaach hunn, fir domat ze fléien. Eppes, wat sech vill Leit net bewosst sinn, gëtt de Gilles Rock ze bedenken.
Et ass deemno wichteg sech ze informéieren, betount de Gilles Rock. Grad elo an der Chrëschtzäit, wou Dronen och gäre mol als Kaddo ënnert dem Chrëschtbeemche landen.
De ganzen Interview