D’Ëmweltministerin Joelle Welfring wëll sech am Moment nach net festleeën op d’CO2-Steier och no 2026 weider soll erhéicht ginn. D’Regierung huet schonn decidéiert, datt d’Carbontax déi nächst dräi Joer jeeweils em fënnef Euro pro Tonn gehéicht gëtt. Wat duerno géif Sënn maachen, dat kéint een haut nach net mat Sécherheet soen, fënnt d’Joëlle Welfring.
„Ech gesi jo elo net an eng Glaskugel. Eng Steier ass jo do fir eppes ze steieren. A mir wëllen eis Emissiounen am Grëff halen. An dofir muss een ëmmer erëm kucken, op dat wat mer en place gesat hu passt, op dat seng Wierkung huet, a wa net, da musse mer et upassen. Dat ass esou wéi mer bis elo gefuer sinn, an esou musse mer och viru fueren.”
Ënnerstëtzung a Berodung fir Baueren
D’Klimakris ass eng vun de gréissten Erausfuerderunge vun eiser Zäit. Besonnesch d’Baueren an d’Landwirtschaft sinn direkt vun de Konsequenze betraff.
Och eens si sech déi véier Invitéen, datt d'Bauere méi mussen ënnerstëtzt ginn, wa se sech wëllen op Bio ëmstellen. D’Joëlle Welfring schléit vir, d’Baueren nach méi ze beroden an duerch finanziell Hëllefen déi Ëmstellung méi attraktiv ze maachen. D’Myriam Ceccetti kritiséiert awer, datt déi gréng keng kloer Ziler fir déi nächst Joer wëlle setzen. Doduerch géif een hirer Meenung no guer näischt erreechen. Eng 100 Prozent Ëmstellung op Bio wier net realistesch, fënnt d’Martine Hansen. Si betount, datt och net all konventionell Baueren onbedéngt schiedlech sinn.
Fir d’ADR besteet guer keen Handlungsbedarf an der Landwirtschaft. Et dierft een d’Baueren net dout reglementéieren. De Michel Lemaire fënnt, datt d’Baueren och elo schonn op Héichtoure fir den Naturschutz géinge schaffen.