Op Invitatioun vun der Zäitschrëft forum hu viru 14 Deeg véier Vertrieder:inne vun demokratesche Parteijugenden sech d’Fro gestallt, wat ee kéint a misst fir d’Stabiliséierung vun eisen Demokratien ënnerhuelen. Déi véier jonk Politiker:innen Jessie Thill, Michael Agostini, Alex Donnersbach a Max Molitor hunn derfir plädéiert, datt déi Algorithmen, déi rietsextrem Beiträg héich spillen, misste gereegelt ginn [1].
Am Ënnerscheed zur traditioneller Press ka jo op Facebook, TikTok, X, Instagram asw. jiddereen egal wat erzielen, well do keng Moderatioun, keng Kontroll geschitt. Ob dat wéi ugekënnegt op europäeschem Niveau geléngt, ass nach ze gesinn.
D’Zäitschrëft forum hat virun de leschte Walen d’Press derzou opgeruff, der rietspopulistescher Partei ADR keng Plattform méi ze bidden, fir hir Ligen ze verbreeden. forum huet fir e sougenannte “cordon médiatique” plädéiert [2], wéi en zum Beispill an der Wallounie fonctionéiert, wou bis elo keng rietsextrem Partei Erfolleg hat, am Géigesaz zu Flandern, wou et keng esou eng Brandmauer an der Press gëtt.
Geféierlech Publikatioun
Ech sinn dofir entsat, datt och d’Lëtzebuerger Wort dem Fraktiounschef vun der ADR, fir deen Nazisymboler Kannerechkeete sinn, eng ganz Säit gratis zur Verfügung gestallt huet, fir seng Haassrieden, Frechheeten, Ënnerstellungen a Verdréinungen ze verbreeden [3].
Fir just ee Beispill ze zitéieren: Den Här schreift: “Die Abneigung (géint déi gréng) schürt sich durch die ständigen Angriffe auf die Freiheit: Verbot von Verbrennerautos, Verbot von Gasheizungen, Verbot von Strohhalmen und Plastikbechern, Erhöhung der Benzin- und Dieselpreise” ...
Dobäi sinn dat meeschtens Decisiounen, déi op europäeschem Niveau geholl goufen, wou bis elo nach ni e Gréngen eppes ze soen hat. Ganz offensichtlech hat d’Chefredactrice doropshi ferm Kritik missen astiechen, well e puer Deeg drop huet si op enger ganzer Säit erkläert, firwat si dee geféierleche Kabes publizéiert huet [4].
Feeler aus der Vergaangenheet
Hir Argumenter sinn haarsträubend. Si fënnt, si wier am Kader vu Meenungspluralismus a Pressefräiheet dozou verflicht, och Texter ze publizéieren, déi manifest Onwourechte verbreeden. Si huet nach ëmmer net verstan, datt Artikele wéi dee vun der ADR, iwwerhaapt keng Meenung ausdrécken, mee just falsch Aussoen iwwer Anerer enthalen an de Lieser géint eng noutwenneg Klimapolitik opstëppele sollen.
Hir Zeitung imitéiert also just déi pseudosozial Medien, déi jo och op all Faktencheck verzichten. 2023 hat se souguer behaapt, et kéint een d’ADR net marginaliséieren, well si géif schliisslech gewielt ginn [5]. Domat mécht si genee dee selwechte Feeler, vun deem dem Hitler seng NSDAP profitéiert huet: 1932 war déi mat 230 Deputéierten zur stäerkster Partei am Reichstag gewielt ginn. War dat een Argument, fir den Hitler weider rieden ze loossen? Wou d’Nazie bis KZer gebaut hunn, war et ze spéit, fir hinnen entgéintzetrieden. Dofir: “Wehret den Anfängen!”
Op forum.lu äntwert de Pit Panther der Chefredactrice vill besser wéi ech dat kann [6]:
Die Fakten bleiben ungecheckt
Weil das die Meinungsfreiheit deckt
Sagt uns die Redaktion
Es soll der Rechtsextreme tun
Was immer ihm beliebt – je nun:
Auch das ist Reaktion
Denn wer den Feinden unsrer Welt
Bereitwillig die Waffen stellt
Macht sich die Sache leicht
Dass eine Zeitung Haltung hegt
Dass sie Moral hat – und verlegt
Wär wünschenswert, vielleicht.
[1] https://www.forum.lu/event/eng-diskussioun-iwwert-dzukunft-vun-eiser-demokratie/
[2] forum Nr. 433 (September 2023), S. 10f.
[3] Luxemburger Wort, 3.-4. 5. 2025.
[4] Luxemburger Wort, 7. 5. 2025.
[5] Facebook, 18.8.2023.
[6] https://www.forum.lu/2025/05/15/es-gilt-das-gebrochene-wort/