Aktuell si Strofe vu 25 bis 250 Euro virgesinn, wann eng Persoun géint d’Heescheverbuet verstéisst. Mee Persounen ouni Wunnsëtz hätten heefeg net déi néideg finanziell Mëttel, fir esou eng Strof kënnen ze bezuelen, gëtt de Marc Goergen a senger Fro ze bedenken.
Prisongsstrofe si méiglech
Am Fall vun enger definitiver Verurteelung wier de Parquet zoustänneg fir d’Strof ze exekutéieren, äntwert den CSV-Minister Léon Gloden. D’Geldstrofe géife vum Enregistrement agedriwwe ginn. Wann dat net méiglech wier, géif d’Verwaltung de Parquet informéieren. Dee misst dann decidéieren, op d’Strof iwwer déi sougenannte Contrainte par Corps kann applizéiert ginn. Dat heescht, datt déi concernéiert Persoun an de Prisong kënnt, pro 100 Euro Geldstrof een Dag.
Wat geschitt mat de Suen, déi agesammelt ginn?
D’Suen, déi bei den Heescherte fonnt ginn, kéinten iwwerdeems net saiséiert ginn, well et sech hei just ëm e Verstouss géint e Policereglement, eng sougenannt Kontraventioun, handelt. Wann de Parquet kontaktéiert gëtt, well eng Strofdot begaange gouf, oder am Zesummenhank mat engem Verbrieche kéint stoen, dee Moment kéinten d’Justizautoritéiten d’Saisie vun de Suen ordonéieren