Radioen

On air

Am Buedmantel  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wat geschitt mat Kanner déi aus der Ukrain illegal a Russland deportéiert goufen?

Konferenz zu Riga

Wat geschitt mat Kanner déi aus der Ukrain illegal a Russland deportéiert goufen?

Zu Riga a Lettland sollen elo Vertrieder vu verschiddene Staaten an Organisatiounen iwwer d‘Schicksal vun ukrainesche Kanner diskutéieren, déi wärend dem Krich illegal a Russland bruecht goufen. 

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Jorge Mantilla
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Jorge Mantilla)

Iwwer zwee Deeg soll et drëms goen, wéi Russland fir d‘Emsiedelung vu Kanner aus Gebidder an der Ukrain besat goufen zur Recheschaft gezu ka ginn. Och iwwer Méiglechkeeten, fir dës Kanner erëm zréckzebrénge soll diskutéiert ginn. Op dëser Konferenz gëtt och déi ukrainesch First Lady Olena Selenska erwaart.

Tëschent 200.000 an 300.000 ukrainesch Kanner sollen zanter dem Ufank vum Krich verschleeft gi sinn, huet et haut um Optakt vun der Konferenz geheescht. Dës Zuele loossen sech awer net onofhängeg iwwerpréiwen, well weder d‘Ukrain, nach aner Länner oder international Organisatiounen Zougank zu de Gebidder hätten, déi Russland besetzt.