Radioen

On air

9 bis 1  |  Remi Wolf - Cinderella

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wat bedeit et, héichbegaabt ze sinn?

Educatioun

Wat bedeit et, héichbegaabt ze sinn?

De Kompetenzzenter fir Kanner a Jugendlecher mat héijem Potenzial beréit a begleet Kanner a Jugendlecher mat Héichbegabung, hir Elteren an d'Léierpersonal.

auto_stories

2 min

headphones

21 min

play_arrow

Reng statistesch gesinn, sinn am Letzebuerger Schoulsystem iwwer 2000 Kanner, déi iwwerduerchschnëttlech Intelligenztester maachen.

Kanner mat Héichbegabung an hir Elteren hunn ëmmer nach mat Virurteeler ze kämpfen, déi dacks nach an der Gesellschaft oder och bei den Eltere selwer verankert sinn, seet d’Danielle Rod:

“Dann heescht et: Deen ass héichbegaabt mee firwat weist en et dann net, firwat huet en awer Datzen oder firwat muss en dat Joer widderhuelen? En ass dach héichbegaabt?”

Dat wieren alles Virurteeler déi d’Kand ënner Drock géife setzen. Vill Eltere wéilten dofir och net, datt anerer wëssen, datt hir Kanner héichbegaabt sinn.

Wéi eng Upassunge braucht et an der Klass?

A Klasse wou Kanner mat Héichbegabung dra sinn, missten och entspriechend Upassunge gemaach ginn. 

“Dat sinn am Fong einfach Saachen, t’ass näischt Spektakuläres. Mee, datt een hinne méi gëtt, wéi dat wat se scho kënnen. Dat heescht bësse méi schwéier Saachen ze ginn, méi séier duerch de Programm ze goen a Fräiheete schafen an un eegene Projete kënne schaffen.”

Wichteg wier, datt et de Kanner net langweileg gëtt, betount d’Danielle Rod.

Dat ganzt Gespréich lauschterenplay_arrow