Vum Site zu Bartreng aus si 14 Camione mat Salz fir d’Autobunnen ënnerwee, huet de Spriecher vu Ponts et Chaussées Ralph di Marco eis am spéide Moie gesot. De Problem dee Moment war, datt d’Stroossen nach immens kal waren.
"En plus reent et, an et ass Glëtzreen. Do musse mir dofir suergen, datt konstant déi ganzen Zäite genuch Salz op der Strooss ass, well mam Ree gëtt dat vill dilluéiert an et gëtt deelweis fort geschwemmt."
25 Leit vun der Stroossebauverwaltung waren haut vu Bartreng aus fir de Wanterdéngscht op de Autobunnen ënnerwee.
"Vun deene 25 sinn der awer och, déi elo der Police zum Beispill hëllefen, wann een Accident ass. (...) Fir do ofzesécheren, ofzespären."
Genuch Salz ass do
Op esou Wanterdeeg wéi haut wier ee bei Ponts et Chaussées virbereet, huet de Spriecher berouegt. Och no engem Dag wéi haut géifen et awer keng Engpäss am Salzdepot ginn, esou de Ralph Di Marco.
"Fir all Wanter hu mir eng ronn 20.000 Tonne Salz, déi bereet sinn. Dat geet normalerweis och duer. Wann net, kënne mir eis es ëmmer erëm nobestellen."
Pro Wanter géifen am Duerchschnëtt tëschent 15.000 an 20.000 Tonne Salz gestreet ginn, esou d’Stroossebauverwaltung.