Radioen

On air

Kultur um 5  |  Eng Tragedie an der Tragedie

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wanteraktioun muss mat 50 zousätzleche Better equipéiert ginn

Méi Leit wéi de leschte Wanter

Wanteraktioun muss mat 50 zousätzleche Better equipéiert ginn

Am Dezember hunn am Duerchschnëtt Ronn 220 Persounen den Dag an der Wanteraktioun um Findel iwwernuecht. Dat seet d’Directrice vun der Dräieck asbl. Dat wieren der méi ewéi dat Joer virdrun em déi selwecht Zäit, betount d’Cyrielle Chibaeff, déi d’Wanteraktioun koordinéiert. Si geet net dovunner aus datt déi Zuelen déi nächst Wochen erof ginn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Gewéinlech kënnen an der Struktur um Findel maximal 250 Leit ouni Daach iwwer dem Kapp iwwernuechten. Virun zwou Woche gouf ee Sall, deen normalerweis fir Aktivitéiten oder Atelieren daagsiwwer genotzt gëtt, mat 50 zousätzleche Better equipéiert, erkläert d'Cyrielle Chibaeff.

"Donc nous, on a dû adapter l’utilisation de notre espace. Et ça fait des années qu’on recherche un site pour notre foyer de jour."

140 Sans-abrien den Dag hu sech am Duerchschnëtt iwwer de Mount Dezember am Foyer du Jour vun der Wanteraktioun opgehalen.

D'Sich no engem neie Site

Bei der Sich no engem neie Site, misst ee kucken eng Plaz ze fannen déi méi zentral läit, fënnt d’Cyrielle Chibaeff vun der Dräieck asbl. Mee och ee Foyer fir sech daagsiwwer kënnen do opzehalen an ze raschten, wier wichteg.

"Une salle de repos, qui soit une salle où on trouve de la sérénité ou vraiment un repos en journée, puisque les journées sont longues et fatigantes quand on reste en rue toute la journée."

Cyrielle Chibaeff: Leit déi komme sinn immens vulnerabel

Firwat dëse Wanter méi Leit an der Wanteraktioun iwwernuechten, wier iwwerdeems schwéier ze soen, ënnerstäicht d’Cyrielle Chibaeff. D’Grënn wiere ganz verschidde firwat d’Leit keen Dag iwwer dem Kapp hunn.

"Notre public arrive et se trouve en grande difficulté, en grande situation de vulnérabilité sociale. On a beaucoup de personnes qui se présentent avec des problématiques de santé, des maladies physiques, des maladies mentales."  

Ënnert deene Ronn 220 Persounen déi am Dezember an der Wanteraktioun ageschriwwe waren, wieren och eng 60 Refugiéen. Ob dat der méi wiere wéi nach déi Jore virdru konnt d'Directrice vun der Dräieck asbl eis net soen.

Sans-abrien kënnen nach bis de 15. Abrëll an der Wanteraktioun iessen oder iwwernuechten.

Lauschterenplay_arrow