Radioen

On air

Palatino FM  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ "Wansinneg Revendicatiounen": Netanjahu stoppt Verhandlungen iwwer méiglech Waffepaus

Noen Osten

"Wansinneg Revendicatiounen": Netanjahu stoppt Verhandlungen iwwer méiglech Waffepaus

Den israeelesche Regierungschef Benjamin Netanjahu huet d‘Verhandlungen iwwer eng Waffepaus am Gaza op en Neits gestoppt. D‘Revendicatioune vun der Terrororganisatioun Hamas wiere wansinneg, sou de Netanjahu.

auto_stories

1 min

Benjamin Netanjahu | © picture alliance/dpa | Bernd von Jutrczenka
Benjamin Netanjahu (Foto: picture alliance/dpa | Bernd von Jutrczenka)

Et géif een net nogi bis datt d‘Organisatioun op hir Revendicatioune verzicht. D‘Verhandlungsdelegatioun soll dann och net zeréck op Kairo gecheckt ginn.

Familljemembere vun den entfouerten israeelesche Geiselen hu sech entsat gewisen. D‘Liewe vun de Leit géif geaffert ginn. Vetrieder aus den USA, Israel dem Katar an Ägypten ware sech gëschter net eens ginn. D‘Gespréicher sollen awer op méi niddregem Niveau verlängert ginn.

Den Netanjahu huet da gëschter och eng intensiv Aktioun an der Stad Rafah ugekënnegt. Et wier déi lescht Bastioun vun der Hamas, déi komplett misst zerschloe ginn, sou nach den israeelesche Premier.