Am Fräie Mikro kommentéiere mir d'Aktualitéit. Mäi Problem haut ass, datt d'Regierung an dëser Rentrée bis elo nach zu kengem aktuelle brennenden Defi iergendee Plang annoncéiert huet: Weder zu Logementskris, nach zu Klimakris, nach zu Bildungskris.
"Urban legends" an der Geschicht
Als Historiker vergläichen ech natierlech gären. De 14. Juli 1789, um Dag vun der Prise de la Bastille, hat de Louis XVI nëmmen ee Wuert a säin Tagebuch geschriwwen: "Rien."
Dës Anekdot ass, wéi vill anerer, nodréiglech deforméiert ginn. De Louis XVI hat eigentlech vu sengem Juegdgléck op deem Dag geschwat. Geneesou wéi d'Kinnigin Marie-Antoinette net dëse Saz gesot huet, deen hir oft attribuéiert gëtt:
"Wann d'Vollek kee Brout huet, da solle se Brioche iessen."
Iwwer "urban legends" eraus illustréiert d'Blannheet vun der franséischer Noblesse 1789 e Phenomeen, deen de grousse Sozialhistoriker Edward Thompson beschriwwen huet als Blannheet vis à vis vun der ekonomescher Moral vun enger Gesellschaft.
D'Vollek gëtt dacks fir domm verkaf, ass et awer net
Hien huet gewisen, datt populär Revolten net mechanesch Reaktiounen op Honger sinn an net aus renger ekonomescher Nout entstinn, mee enk verbonne si mat Konzeptioune vu Gerechtegkeet.
Dat sougenannte Vollek, wat dacks a fälschlecherweis fir domm verkaf gëtt, evaluéiert opgrond vum Gerechtegkeetssënn, wat e faire Präis ass, ob en Accès op indispensabel Gidder ginn ass, wat d'Responsabilitéite vun den Autoritéiten a wat déi legitim Limitte vum private Profit sinn.
De Succès vum Sozialstaat
Et koum 1789 zur Revolutioun, well dës moralesch Ekonomie, als Ensembel vu Valeuren a soziale géigesäitegen Obligatiounen, violéiert gouf.
Dono ass d'Industriegesellschaft vum 19. Joerhonnert am 20. Joerhonnert duerch e Sozialstaat ersat ginn, well d'Inegalitéiten an d'Ausbeutung, déi d'Aarbechter soulaang akzeptéiert hu wéi si hir Situatioun trotzdeem progressiv konnte verbesseren, einfach ze grouss gi sinn.
De Premier Frieden am Bësch: Eng "urban legend" fir d'Zukunft
Haut wiele Mënschen an Däitschland a muer a Frankräich net extreem riets an extreem lénks, well se domm sinn, mee well fir si - aus ënnerschiddlechen Iwwerzeegungen natierlech - d'moralesch Ekonomie, als kollektiivt Verständnis vun deem, wat wirtschaftlech fair ass, fundamental verletzt gëtt.
Aus de selwechte Grënn fält zu Lëtzebuerg d'Regierung Sondage no Sondage duerch, nodeems se d'lescht Joer déi gréisste gewerkschaftlech Massendemonstratioun zënter méi wéi 40 Joer erbäigefouert huet.
Iwwregens: An 200 Joer wäerten d'Historiker festhalen, datt de Lëtzebuerger Premierminister op deem historeschen Dag léiwer an de Bësch spadséiere gaangen ass, wéi wann näischt wier. Just datt dat da keng "urban legend" ass ...