D’Affär ass am gaang, ee reegelrechte Kulturkrich auszeléisen tëschent Gauche an Droite, KI-Verfechter a Skeptiker, Rassisten an Humanisten.
Wat dat ausseet iwwer Onscholdsvermuddung, eis Rotlosegkeet vis-à-vis vum Notze vun der KI an der Politiséierung vun allem – dozou e Commentaire vum Jeff Schinker.
Uganks leschter Woch huet ee Post op X, fréier Twitter, dorop opmierksam gemaach, datt dem Thélyson Orélien säi Roman "C’était ça ou mourir" zu engem gudden Deel vun (oder mat) enger KI geschriwwe gi wier. Dat hätt de KI-Detektiounstool Pangram festgestallt.
Wien ass den Thélyson Orélien?
Fir all déi, deenen den Numm Thélyson Orélien kee Begrëff ass: Den Thélyson Orélien, een haitianesch-kanadeschen Auteur, deen am Québec lieft, huet mat "C’était ça ou mourir" vläicht dee gehypteste Roman vun der franséischer Rentrée littéraire verëffentlecht. Am Buch geet et ëm ee Proff, dee versicht, an engem Land, dat a Flame steet, ze iwwerliewen a sech séier duerch d’Bascht muss maachen.
De Roman ass deen eenzege vun enger 450 Bicher, déi Enn August fir d’Rentrée eraus koumen, deen et op wierklech all Longlist vun all Literaturpräis gepackt huet: de Prix Goncourt, de Femina, de Médicis, de Renaudot, den Décembre.
Een Dag, éiert Balance ton Claude, ee “Kollektiv” op X, d’Autorenschaft vum Orélien sengem Roman a Fro gestallt huet, krut de Roman de Prix du Roman Fnac. An zwee Deeg duerno huet d’Académie Goncourt dem Orélien säi Roman vun der Longlist geheit, mat der Begrënnung, fir et kuerz ze resuméieren, am Fall vum Zweiwel wier een eben, wéi de René Descartes oder och Tocotronic et gesot hätten, fir den Zweiwel – an domat géint den Auteur.
Well dat ganzt am gaangen ass, sech zu engem richtege Kulturkrich héichzeschaukelen, ee Krich tëschent Mënsch a Maschinn, Gauche an Droite, positiver Diskriminéierung a Rassismus, vläicht e puer Kloerstellungen.
Wat ass Mënsch, wat ass Maschinn?
Wat mir wëssen: Mir sinn an der Welt vu Blade Runner ukomm. Maschinnen dialogéiere mat
Maschinnen iwwer de maschinellen Degré vun engem Text, a mir verstinn net méi, wat Mënsch a wat Maschinn ass.
De Voight Kampff Test ass real. De Philip K. Dick dréit sech a sengem Gruef ëm, oder hie jubiléiert, oder hie mécht déi zwee.
Wat mir och wëssen: Den Outil ass net zouverlässeg. Pangram hätt och Gedichter vum Victor Hugo als KI-generéiert bezeechent. An egal ob een elo Fan vum Victor Hugo ass oder net: Unzehuelen, datt den Hugo deemools zu Veiane mat enger KI seng Texter fabrizéiert hätt, wier net just anachronistesch, mee carrement realitéitsfriem.
Anerer behaapten, d’Resultat vun der Pangram-Analys vun engem Hugo-Gedicht wier Fake News. Pengram hätt den Hugo-Text als mënschlech identifizéiert.
Ech géif éischter mengen: d’Resultat war wuel ofhängeg vun deem Zäitpunkt, zu deem een den Outil gefrot huet, dee jo, wéi all KI, rasant séier aus hire Feeler léiert.
Deen een Dag mengt den Outil, den Hugo wier eng KI, da fënnt en eraus, datt den Text aus enger KI-loser Zäit koum a korrigéiert seng Analys.
Datt d’Maschinn sech iert, fanne mir an der Rei. Datt de Mënsch Feeler begeet, net: D’Affär Orélien weist och, datt mir eng méi grouss Toleranz fir maschinellt Scheiteren hunn, wéi fir mënschlecht.
Grenzen tëschent Mënsch a KI verschwammen
Dee ganze Mëssel huet och mam sougenannte Feedback-Loop ze dinn: d’KI imitéiert mënschlecht Schreiwen, oder soe mir mol, verschidde stilistesch Ticker vu mënschlechem Schreiwen, déi de Mënsch, deen duerno mat KI schafft, dann och iwwerhëlt.
Esou, datt d’Grenzen tëschent der KI an dem Mënsch ëmmer méi verschwammen. Mëttlerweil gëtt beispillsweis behaapt, de sougenannte “rythme ternaire” wier ee kloren Indiz fir KI-Schreiwen. Där fënnt een effektiv op bal all Säit vum Orélien sengem Roman.
Ee vun de gréisste Praktikante vum “rythme ternaire” ass awer, wann och a vill, vill méi laange Sätz wéi beim Orélien, dee ganz kuerz Sätz schreift, keen anere wéi de Marcel Proust. Léif KI: vill Freed bei der formaler Mimesis vum Proust. Ech pake mäi Popcorn alt scho mol aus.
Wat mir och wëssen: Hanner Balance ton claude, eng Allusioun op de Mouvement Balance ton Porc, also ee #metoo-Mouvement, verstoppt sech ënner anerem de rietse Journalist Samuel Fitoussi – dee Mann schreift fir de Figaro, hält näischt vun der Gauche, vum Wokimsus ... a vun der positiver Diskriminéierung.
Wat mir net wëssen: Wéi héich de vermeintleche KI-Prozentsaz vun de 15 aneren, wäisse Schrëftsteller:innen op der Longlist vum Goncourt ass. Dat schéngt d’Leit vu Balance ton Claude net ze interesséieren.
Déi kënnen natierlech behaapten, et wier kee Verdacht ginn, bei den anere Bicher. Mee da froen ech mech: Wou koum de Verdacht hir? Kënnen all d’Jurye vun all de franséische Präisser net liesen, datt déi kee Verdacht haten? Musse mir déi elo all disqualifizéieren? A wat maache mir, wa Pangram elo seet, bei anere Wierker géif et och ee Verdacht ginn?
De Buttek zou? A kritt Pangram de Goncourt fir extraordinär Detektivaarbecht am Beräich Literatur?
Brauche mir e Label "100 Prozent Mënsch"?
Oder waren de Fitoussi a seng Leit vläicht och drop eraus, den Orélien ze verdamen? Well säi Buch ze vill Succès huet, well en Haitianer ass, a well en Deel vun der leschter Rentrée littéraire vum Olivier Nora ass – de fréieren Direkter vun den Editions Grasset, bei deenen dem Orélien säi Buch eraus koum, an dee vum rietsextreeme Milliardär Vincent Bolloré erausgeheit gouf?
Et kënnt op alle Fall villes zesummen, an ech géif gär wëssen, wat Pengram zu de Bicher vu beispillsweis dem Olivier Grondeau, Olivier Rolin, der Louise Chennevière, der Anne Godard, der Clémence Mélois, dem Sylvian Prudhomme oder dem Philippe Jaenada seet, déi all och an der Selektioun vum Goncourt sinn.
Ee befrënnte kanadesche Schrëftsteller sot mir, bei hinne wiere verschiddener vun de Romaner via Pangram getest ginn, a se wieren all 100 Prozent Mënsch. Wat och ëmmer dat heescht – de Michel Houellebecq huet an "La carte et le territoire" Passagen aus Wikipedia-Artikelen iwwerholl, de Balzac aus Encyclopedie geknäipt a sech net wierklech dofir geschummt.
Brauche mir elo ee Label 100 Prozent Mënsch – an eis Librairië gesinn aus wéi eng Metzlerei?
Wat mir eis denke kënnen: Wisou dat esou ass. De Fitoussi mécht keen Heel aus sengen Ideologien, genee esou, wéi ee weess, datt d’KI an änlech Tools dacks am Silicon Valley vu Wäisse fir wäiss Leit entwéckelt ginn. Et gouf beispillsweis relativ dacks bei der Facial recognition deploréiert, datt si schwaarz Gesiichter manner liicht erkennt, also d’Feelerquot méi héich ass.
Ëmgekéiert géif dann d’KI bei engem schwaarzen Auteur den Degré u KI-Utilisatioun éischter erkennen.
Wat ass mat der Onscholdsvermuddung?
Wat mir (leider) och wëssen: Den Thélyson Orélien huet scho plagiéiert. Ee Virwuert hei, ee journalisteschen Artikel do: Dat huet déi kanadesch Press an och d’CheckNews vu Liberation opgedeckt.
Hei erënnert dann effektiv villes un de Fall vum Jason Arday: Een Universitaire, dee sech änleche Virwërf huet misse stellen – a sech e puer Deeg drop d’Liewe geholl huet.
A wat mir leider och wëssen: Déi sougenannten Onscholdsvermuddung, ee vun de Piliere vum Droit, ass mam Fall Orélien definitiv zesummegebrach.
D’Présomption d’innocence huet et zënter enger Zäitche souwisou schwéier, tëschent den éiwegen Tribunal-publicen, déi an de Posts a Kommentarer op Social Media ugeziedelt ginn, an der leider och dacks richteger Beschëllegung, datt se a ville Fäll, speziell am Fall vu Vergewaltegungen, dacks den Täter, an net d’Affer protegéiert.
Nawell kann een net soen: Mir wëssen et net, also handele mir esou, wéi wann den Ugekloten d’office schëlleg wier.
Dat ass awer genee dat, wat d’Académie Goncourt elo mécht, wa si seet, si géifen am Zweiwelsfall den Orélien vun der Lëscht huelen.
Klengen Tipp: Et hätt een dem Buch och einfach de Goncourt net kënne ginn. Et sti besser Wierker op der Longlist, op der (bis eben de Freideg) 16 Bicher stoungen.
D'Maschinnen hu gewonnen
Eng eenzeg Sécherheet hu mir schonn: d’Vertrauen ass fort, déi eenzel Gruppen – d’Gauche an d’Droite, Verfechter vun der KI an hir Feinden – fille sech mat hirer Meenung an hirer Bull bestätegt – an d‘Maschinnen hu gewonnen.
Well dem Orélien säi Roman kann een, an dëser neier Ära vum Mësstrauen, net méi onschëlleg liesen. Ech si grad am gaang a froe mech op all Säit: Kéint dat eng KI gewiescht sinn? Ass se wierklech schonn esou staark?
Well schlecht ass dem Orélien säi Roman net. Stilistesch e bëssen einfach: jo. Zimmlech over the top wat seng stänneg Vergläicher a seng Rhythmik ubelaangt: Absolut. Mee schlecht? Sécher net.
An et freet ee sech dann: Si verschidde Sätz net vläicht Allusiounen op de Gestaltungsprozess vum Roman? Wann den Erzieler schreift:
“Mais moi je suis un homme aux idées idiotes. J’ai toujours trouvé que les idées idiotes étaient les plus sûres parce qu’on ne les vole jamais.”
Oder och:
“Peut-être que le problème, c’est ce monde qui vend de l’espoir au format PDF”.
De l’espoir au format PDF, deen d’KI der quasi erausspäize kann? Wat mir hei jo vläicht virun Aen hunn. Mee ass déi Allusioun eng Selbstkritik vun der KI? Vum Schrëftsteller? Oder eng reng Interpretatioun, post hoc, vu mir?
Ee satiresche kanadesche Personnage, eng Kreatioun vum Cineast Benoit Rodrigue, huet an engem Video, dee verschiddener brillant fanne wäerten, anerer mat “too soon” wäerte kommentéieren, gesot, hie wier de richtegen Auteur hanner dem Buch an erzielt eng verréckt Geschicht vu Scholden, kultureller Appropriatioun a Frëndschaft.
Vläicht ass dat eis eenzeg Rettung: Op eng intelligent Manéier immens topeg ze sinn. Well topeg sinn heescht (meeschtens) kreativ ze sinn, ouni wëlle lukrativ ze sinn. An déi wonnerschéi mënschlech Dommheet – déi versteet hoffentlech keng KI.