Dausende Leit hunn an de Stroosse vu Bagdad gefeiert wéi kloer war, datt den Irak sech fir d’WM qualifizéiert huet. Mat 2:1 konnt ee Bolivien am entscheedende Qualifikatiounsmatch klappen.
De 46 Milliounen Iraker eppes zeréckginn
Elo ass déi irakesch Fussballnationalekipp no 1986 fir eng zweete Kéier bei der WM dobäi. Deemools, viru 40 Joer, huet d’Land nach ganz aneschters ausgesinn.
Un der Muecht war den Diktator Saddam Hussein an d’Land war matten am Krich mam Iran. E weidere Golfkrich an eng US-Invasioun am Joer 2003 méi spéit, an den Irak louch um Buedem.
Et war awer de Fussball, deen d’Populatioun heiansdo alles vergiesse gedoen huet. Esou wéi 2007, wéi den Irak Asie-Meeschter gouf. Sunitten, Schiitten an irakesch Kurden hu gemeinsam dee Succès gefeiert.
Dëst Joer wëllt déi irakesch Nationalekipp dat widderhuelen. Dat huet och den Trainer vun der Nationalekipp, den Australier Graham Arnold, virun der WM op enger Pressekonferenz ëmmer nees betount.
“Ech si wierklech, wierklech frou fir déi 46 Milliounen Iraker an d’Land, an hoffentlech ännert sech d’Perceptioun vun Irak. An hoffentlech hëlleft et och dem Fussball am Land.”
Haiti: Aarmut, Honger an eng Fussballlegend
Weider da bei e Land, dat am Chaos ënnerzegoe schéngt: Haiti. Den Inselstaat aus der Karibik leit zënter Joren ënner autoritäre Regimmer a Bandegewalt.
D’Haaptstad Port au Prince gëllt als eng vun den äermsten Haaptstied op der Welt, wou knapp zwee Drëttel vun de Stéit net genuch ze iessen hunn. Manner wéi 50 Prozent vun den Inselbewunner huet Accès zu Stroum.
Fir den éischte Gruppematch géint Schottland kann een awer sécher sinn, datt de Gros vun den 1,3 Milliounen Awunner:inne probéiert huet, virun enger Tëlee oder engem Radio ze setzen.
Esou wéi virun 52 Joer, wéi Haiti fir d’éischt, an och bis elo fir déi leschte Kéier, op enger WM dobäi war. En historesche Moment, well deemools si “Les Grenadiers”, wéi si genannt ginn, an hirem éischte Match mat 1:0 géint Italien a Féierung gaangen.
Et war e laange Ball op den Emmanuel Sanon, dee virun der italieenescher Golkipplegend Dino Zoff cool bleift, an den 1:0 markéiert.
Haiti verléiert de Match zwar nach mat 3:1 an huet och déi zwee aner Matcher géint Polen an Argentinie verluer. Den Emmanuel Sanon awer huet sech op Haiti duerch dee Gol onstierflech gemaach.
DR Kongo: E gutt Bild vum Land ofginn
An op där WM 1974 a West-Däitschland huet nach e weidert Land säin Debut gefeiert, dat och dëst Joer eréischt fir déi zweete Kéier nees dobäi ass: Déi Demokratesch Republik Kongo. 1974 nach ënner dem Numm Zaire ugetrueden, hunn d’Spiller aus der Demokratescher Republik Kongo den entscheedende Qualifikatiounsmatch géint Jamaika mat 1:0 gewonnen.
Déi Demokratesch Republik Kongo, dat ass dat 7. äermste Land op der Welt. No der Onofhängegkeet vun der Belsch am Joer 1960 huet d’Land Joerzéngte mat Diktatur, politescher Instabilitéit a konstanter Gewalt géint d’Populatioun missen aushalen.
Dem Land feelt et hautzedaags virun allem un adäquater Infrastruktur, wat d’Liewe ronderëm den Äquator am afrikanesche Reebësch net méi einfach mécht.
Vollekssport Nummer 1 ass a bleift awer de Fussball, och wann déi lescht Succèse vun de Leoparden, wéi d’Nationalekipp genannt gëtt, schonn eng Zäit zeréckleien. 1968 a 74 goufe si Afrikameeschter.
No der Qualifikatioun hunn Dausende Kongoleesen d’Nationalekipp zu Kinshasa empfaangen. An hinne wëllt een eppes zeréckginn, sot den Nationaltrainer Sébastien Desabre.
“Biensûre, le message de fin c’est que nous, on va tout faire pour rendre tout le monde fier et donner la plus belle image qui soit de la République démocratique du Congo sur la scène moniale.”
Sportleche Succès éischter onwarscheinlech
Irak, Haiti, Kongo: Datt ee vun hinnen et wäit am Turnéier packt, dat ass wuel éischter onwarscheinlech. Mee déi grouss Victoire hunn dës Natioune schonn agefuer, an zwar iwwerhaapt dobäi ze sinn, an domadder hirem Land an hire Leit eng wëllkomm Ofwiesslung ze gi vum soss éischter haarden an trauregen Alldag.
Haiti huet säin éischte Match géint Schottland nëmme knapp mat 0:1 verluer. Elo waarden nach Marokko a Brasilien op den Inselstaat. Den Irak huet e méi schlechte Start erwëscht an ass mat 1:4 géint Norwegen ënnergaang, huet awer laang Zäit gutt matgespillt.
DR Kongo kritt et iwwerdeems ënner anerem mat Portugal a Kolumbien ze dinn.