Radioen

On air

Notturno  |  Sylvan Esso - Your Reality

play_arrow Live
search

/ Walen a Mexiko: Eng kloer Victoire deit sech un

Lénks Regierungskandidatin Claudia Sheinbaum

Walen a Mexiko: Eng kloer Victoire deit sech un

Bei de Presidentewalen a Mexiko deiten Ëmfroen op eng kloer Victoire vun der lénker Regierungskandidatin Claudia Sheinbaum hin. Déi 61-Joer al fréier Buergermeeschtesch vu Mexiko City géif déi éischt Fra a Mexiko ginn, déi Presidentin gëtt.

auto_stories

1 min

Claudia Sheinbaum | © picture alliance / NurPhoto | Gerardo Vieyra
Claudia Sheinbaum (Foto: picture alliance / NurPhoto | Gerardo Vieyra)

Den Ëmfroen no, déi direkt no der Fermeture vun de Walbüroe gemaach goufen, krut si ronn 56 Prozent vun de Stëmmen. Si hätt sech domat kloer duerchgesat géint hir Haaptkonkurrentin, d'Entrepreneurin Rivalin Xochitl Galvez, déi fir déi riets-zentristesch Allianz vun dräi Oppositiounsparteien ugetrueden ass.

De President vu bis elo, López Obrador, huet net méi däerfe kandidéieren. Déi mexikanesch Verfassung limitéiert Presidentenamt op een Amt vu 6 Joer.

D'Wale ware vu Gewalt markéiert. Der Regierung no koumen iwwer 20 lokal Kandidaten a Kandidatinne bei Attacken an Zesummenhang mat de Walen ëm d‘Liewen.

Wielerinnen a Wieler hunn och all d'Membere vum Kongress gewielt, d‘Gouverneure vun aacht Staaten an de Leader oder d'Leaderin vun der Haaptstad Mexiko City.