Radioen

On air

Notturno  |  Jaunt - Holding On To You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Waffestëllstand no drun / Weidert Spidol an der Gazasträif ënner Beschoss

Noen Osten

Waffestëllstand no drun / Weidert Spidol an der Gazasträif ënner Beschoss

Der Terrororganisatioun Hamas no stéing e kuerz virun engem Accord iwwer e Waffestëllstand an der Gazasträif. De Chef vum Grupp, Ismail Hanyeh, huet hënt iwwer säin Telegram Account matgedeelt, datt een der Delegatioun am Qatar eng Offer an dem Sënn virgeluecht hätt.

auto_stories

1 min

 

Och de Kommunikatiounschef vum nationale Sécherheetsrot an den USA John Kirby huet erkläert, et wier een no un enger Léisung. Et géif permanent dru geschafft ginn.

Gëschter hat déi israeelesch Arméi op en neits e Spidol an der Gazasträif ënner Beschoss geholl, dobäi sinn eng 12 leit ëm d‘Liewe komm.