Radioen

On air

Vue sur mer  |  Magdalena Bay - Secrets (Your Fire)

play_arrow Live
search

/ Wafferou an der Gazasträif: Russland a China leeë Veto am UNO-Weltsécherheetsrot an

Noen Osten

Wafferou an der Gazasträif: Russland a China leeë Veto am UNO-Weltsécherheetsrot an

D‘Fuerderung fir eng Wafferou an der Gazasträif ass am UNO-Weltsécherheetsrot op en Neits gescheitert. Russland huet déi deementspriechend Resolutioun vun den USA haut zu New York am mächtegste Gremium vun de Vereenten Natioune mat engem Veto blockéiert. Och China huet ee Veto ageluecht.

auto_stories

1 min

UNO Weltsécherheetsrot | © picture alliance / Pacific Press | Luiz Roberto Lima
UNO Weltsécherheetsrot (Foto: picture alliance / Pacific Press | Luiz Roberto Lima)

Den US-Ausseminister Antony Blinken ass de Moien iwwerdeems an Israel ukomm. Hie beméit sech do weider ëm déi dringend néideg humanitär Hëllef an der Gazasträif.

No fënnef an engem hallwe Mount Krich am Küstegebitt stinn d‘Awunner virun enger grousser Hongersnout. Washington probéiert säin Alliéierten Israel och vun de Pläng fir eng Buedemoffensiv op d‘Stad Rafah am Süde vun der Gazasträif ofzebréngen.