D’Wafferou, déi den US-President Donald Trump an der Nuecht annoncéiert huet, hätt nach e puer Schwaachstellen, mengt d’Bente Scheller.
Zum Beispill hätt den Iran e komplette Stopp vun de Konflikter am Noen Oste gefuerdert. Israeelesch Attacken op d’Hisbollah am Libanon, wéi der de Moie schonn erëm gemellt goufen, kéinten an den Ae vum Iran deemno schonn e Verstouss duerstellen, mengt d’Bente Scheller.
"Hier könnte sofort im Prinzip Iran von einem Brechen dieser Waffenruhe sprechen und selbst wieder aktiv werden. Wir haben hier ganz viele sehr empfindliche Punkte, an denen die eine oder die andere Seite jeweils sagen könnte, das wird unterlaufen und dann wäre das schon wieder hinfällig."
Ouverture vun der Strooss vun Hormus géif nach Froen opwerfen
Fir d’USA wier dogéint d’Ouverture vun der Strooss vun Hormus eng essenziell Konditioun vun der Wafferou. Och hei wier nach villes onkloer fënnt d’Noost-Expertin.
"Ich kann mir auch vorstellen, dass der Iran einfach erkannt hat, hier liegt seine Macht. Dass er die Straße von Hormus lahmlegen kann. Das gibt dem Iran ja eigentlich viel mehr Macht als alles, was er zuvor hatte, inklusive des Atomprogramms. Dementsprechend denke ich, wann immer es Unstimmigkeiten gibt, steht genau dieser Punkt auch wieder in Frage."
D’Kontroll iwwer d’Strooss vun Hormus ass een Deel vum 10-Punkte-Plang, deen den Iran am Virfeld vun de Verhandlunge mat den USA an der pakistanescher Haaptstad Islamabad virgeluecht huet.
Zu den iranesche Fuerderungen zielen och d’Erlabnis, Uran uräicheren ze dierfen, an datt all international Sanktiounen opgehuewe ginn. Den Donald Trump hat géintiwwer der franséischer Noriichtenagence gesot, dee Plang wier eng gutt Verhandlungsbasis.
Negocatioune fänken e Freideg un
Ob d’Negociatiounen, déi e Freideg uginn, zu engem laangfristege Fridden an der Regioun wäerte féieren, wier den Ament nach net virauszegesinn, mengt d’Bente Scheller.
An hiren Aen ass et wichteg, déi verschidde Konflikter am Noen Osten net getrennt vuneneen ze kucken. Och d’Situatioun am Libanon misst gereegelt ginn.
"Ganz zu Schweigen von der Situation im Westjordanland, in Ost-Jerusalem und Gaza. Auch dort ist die Situation im Windschatten dieses Krieges aus dem Ruder gelaufen. Auch das müsste adressiert werden, denn sonst, fürchte ich, hangeln wir uns von einem Konflikt zum anderen. Sie sind alle miteinander verbunden, und wir können es uns nicht leisten, nur einen zu lösen."
Um Enn géif en eventuelle Friddensaccord tëschent den USA an dem Iran dovun ofhänken, ob déi zentral Froen tëschent béide Parteie gekläert ginn an et Garantië fir de Fridde gëtt, esou nach d’Noost-Expertin Bente Scheller.