E puer Dosen Israeelie sinn e Samschdeg zu Tel Aviv zesumme komm a fuerderen:
“Stopp d’Morde vu Gaza bis Beirut.”
Si wëllen net just en Enn vun den Attacken op den Iran, mee och op de Libanon a Gaza.
De Ron, en 19 Joer ale Student, ass ee vun den Demonstranten.
"Ech sinn hei, well ech de Ligen net méi gleewen, datt een duerch Kricher Fridden am Noen Osten erreeche kann."
Iwwer 92 Prozent stinn hanner den Attacken
Mat där Astellung ass hien an Israel awer eng Ausnam. Op d'mannst laut dem Sondage vum Israel Democracy Institute vu leschten Donneschden. Och no zwou Woche Krich – mat Rakéitenalarm an zivillen Doudesaffer – ënnerstëtzen 92,5 Prozent vun de jiddeschen Israeelien d’Attacken op den Iran.
Esouguer am politesch lénke Spektrum sinn et ëmmerhin zwee Drëttel. Dat erkläert och, firwat sech op der Manif zu Tel Aviv just ëm déi 50 Leit versammelt hunn. "Mir sinn et gewinnt, wéineg ze sinn", esou de Ron.
"Well de Benjamin Netanjahu seet eis, den Iran wier Schold un allem hei am Land. An net, Gott bewahre, seng eege Regierung."
Wann ee mat aner Israeelie schwätzt, kritt een och deen Androck.
D’Hoffnung ass grouss, datt d’Attacken zu engem Regimmwiessel am Iran féieren.
Israel preparéiert grouss Buedemoffensiv am Libanon
Anescht gesäit et bei der palestinensescher Bevëlkerung aus. Laut där selwechter Etüd ënnerstëtzt just e Véierel vun hinnen d’Militäroperatioun am Iran. Eng Operatioun, déi sech mëttlerweil awer net just op den Iran limitéiert, mee och op de Libanon.
Laut dem Gesondheetsministère huet Israel do an de leschten zwou Woche méi wéi 800 Leit ëmbruecht an iwwer 2.000 verletzt, dorënner iwwer 300 Membere vun der Hisbollah, esou d’Arméi.
Aktuell schéckt Israel och Panzeren un d’Grenz. Laut Medieberichter, déi mat Offizéier geschwat hunn, preparéiert d’Land eng grouss Buedemoffensiv am Südlibanon.
En Enn vum Krich ass dowéinst nach net a Siicht.