Radioen

On air

Notturno  |  Pino Palladino, Blake Mills - Just Wrong

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Waffepaus gëtt ëmmer méi realistesch

Noen Osten

Waffepaus gëtt ëmmer méi realistesch

An der Gazasträif soll eng Waffepaus ëmmer méi realistesch ginn, Vetrieder vun der Terrororganisatioun Hamas hu matgedeelt dat dat haut scho kéint de Fall sinn. Parallel géife Geisele fräi gelooss ginn. Vun israeelescher Säit goufen déi Informatiounen allerdéngs nees dementéiert.

auto_stories

1 min

© Bigstock / xbrchx
Foto: Bigstock / xbrchx

Och de Ministerpresident vum Katar Al Thani huet erkläert, bei de Verhandlungen tëscht Israel an dem Hamas wiere just nach Detailfroen ze klären.

Vertrieder vun der israeelescher Regierung sollen dann haut iwwerdeems Familiemembere vun de Geiselen treffen. Och hei gouf et keng offiziell Confirmatioun.

Israel huet Biller publizéiert déi solle beweisen, datt d'Hamas Terroristen hier Geiselen an d‘Al-Shifa-Spidol an der Gazasträif bruecht hunn. Op Videobiller ass ze gesinn, wéi arméiert Persounen eng thailännesch an eng nepalesesch Geisel an d‘Spidol bréngen. Fir Israel wier domadder kloer, dat den Hamas d‘Spidol als Verstopp benotzt hätt. Vu palestinensescher Säit heescht et, d‘Leit wiere fir eng Behandlung an d‘Spidol bruecht ginn.

Israel huet och Videobiller vun engem Tunnel gewisen deen ënner d‘Spidol solle gefouert hunn. De System wier 10 Meter déif an eng 55 Meter laang, um Enn wier eng explosiounssécher Dier. Déi israeelesch Truppe wiere momentan nach am gaangen de System ze inspizéieren.