De grénge Waasserstoff wier ee wichtegt Element an der Strategie fir den Transport-Secteur ze dekarboniséieren, esou den Energieminister Claude Turmes an engem Communiqué. Waasserstoff wier eng sënnvoll Alternativ zu fossile Brennstoffer virun allem a Secteure wéi déi dem Camions-Transport, wou d‘Ëmstellung op Elektresch méi schwéier ass.
Op där neier Tankstell kënnen awer och Autoe Waasserstoff tanken.