Radioen

On air

Concert  |  Samuel Coleridge-Taylor - Nonett, Op. 2, II. Andante con moto - Chineke! Chamber Ensemble

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wa kënschtlech Intelligenz zum modernen Orakel gëtt

Fräie Mikro

Wa kënschtlech Intelligenz zum modernen Orakel gëtt

De Moment ass AI, oder KI, de groussen Hype. Et gi vill Hoffnungen dra gesat, datt mir duerch "machine learning" déi grouss Problemer vun eiser Zäit besser léise kéinten. Et gëtt och skeptesch Stëmmen, déi eis virun dëser neier Technologie warnen a prophezeien, datt d’Roboter eng Apokalyps géifen ausléisen oder eis zumindest iwwerflësseg maache géifen.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow
De Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg befaasst sech mat enger manner evidenter Gefor déi vun eisem Ëmgang mat KI Systemer ausgeet.

Ech kann den Optimismus vis-à-vis vu KI novollzéien, wëll ech weess, datt d’Ingeniositéit vun der Mënschheet eis et schonn ëfters erlaabt huet, fir genial Saachen ze erfannen an ze entwéckelen. Mee ech sinn awer och net naiv genuch, fir blann ze gleewen, datt doduerch elo "den Himmel op Äerden" entsteet. An ech gesinn, datt duerchaus Gefore vun dëser Technologie an hirem Gebrauch ausginn, notamment well se an den Hänn vun e puer mächtege Firmaen ass, awer dorobber wollt ech hei net agoen. Ech wollt enger Fro nogoen, déi mech scho méi laang beschäftegt: Si mir net am gaangen, KI-Systemer zu enger Zort modernem Orakel ze maachen?

D'Orakel vun Delphi

De Casper Skern Wilstrup, CEO vun der Firma Abzu an Expert am Beräich KI, huet sech dës Fro och scho gestallt, Ufanks 2022. Hien denkt, datt mir riskéieren, d’wëssenschaftlech Method duerch eng ontransparent, obskuer, souguer obskurantistesch Black-Box ze ersetzen.

Erënnert Dir Iech nach dru wat et mam Orakel vun Delphi am anticke Griicheland op sech hat? Deemools ass gegleeft ginn, datt d’Orakel Äntwerten op komplex Froe liwwere kéint, baséierend op enger magescher Verbindung zu enger gëttlecher Wëssensquell. D’Aussoe vum Orakel waren awer ëmmer iergendwéi zweedeiteg a net ganz evident ze verstoen a goufe Mol sou, a mol sou gedéit.

De Wilstrup fënnt, datt aktuell KI-System, besonnesch déi, wou op sophistiquéiert "machine learning"-Technike baséieren, duerchaus wéi Orakele wierke kënnen, well se zimmlech präzis Viraussoe maache kënnen, unhand vun enger Onmass vun Daten, ouni datt een déift Verständnis vun de Prozesser, déi um Wierk sinn, gebraucht gëtt.
Hie réit eis dovunner of, onmoossegt Vertrauen an esou Black-Blox KI-Systemer ze hunn, well eis doduerch déi weesentlech theoretesch a konzeptuell Entwécklungen an de Wëssenschafte verluer géife goen.

Weiderhin d’wëssenschaftlech Method setzen

Hien encouragéiert d’Wëssenschaftler fir weiderhin den Ursaachen an de Wierkmechanisme vun de Phenomener, déi se studéieren, op de Gronn ze goen, anstatt sech op Warscheinlechkeetsberechnunge vu KI-Systemer ze verloossen. Mir brauche weiderhin d’wëssenschaftlech Method, déi drop baséiert, datt mir Hypotheesen a Modeller generéieren a se testen duerch Experimenter. Soss sti mir nämlech virun engem modernen Orakel, deem säi Wierke mir net verstinn a bei dem mir net wierklech novollzéie kënnen, wéi et zu deenen Aussoe kënnt, déi et mëscht.

Ni wäert eng Maschinn oder ee Mënsch – wéi och ëmmer – mageschen Zougang zum allesëmfaassende Wëssen hunn. Wësse musse mir schafen andeems mir d’Welt erfuerschen, Stéck fir Stéck. Dobäi kënne KI-Systemer duerchaus Hëllefsmëttel sinn, awer si wäerten ni dee Prozess vun der Wëssenschaft ersetzen.

Lauschterenplay_arrow


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.