Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Situatioun am Noen Oste bleift ugespaant

International

D'Situatioun am Noen Oste bleift ugespaant

Dausende Leit ware gëschter zu Tel Aviv, fir eng Demonstratioun géint de Premier Benjamin Nethanjahu a seng Regierung, op der Strooss. Si hunn en direkt Enn vum Krich an der Gazasträif gefuerdert, fir datt déi iwwert 100 israeelesch Geiselen, déi d‘Hamas weider festhält, fräikommen.

auto_stories

1 min

Den Netanjahu huet gëschter nach emol kloer gemaach, datt fir hien eng Zweestaateléisung nom Gazakrich net a Fro kënnt, och wann den US-President Joe Biden duerchblécke gelooss hat, datt dat – ënnert verschiddene Kondititiounen - mam Netanjahu ze maache wier. Ech wäert keng Kompromësser agoen, wat déi komplett israeelesch Kontroll vun der Sécherheet an der Gazasträif ugeet, huet den Netanjahu getwittert, an dat wier am Widdersproch mat der Existenz vun engem palestinenesche Staat.

Allerdéngs wiist an där Fro den Drock op Israel. Och den UN-Generalsekretär Antonio Guterres huet gëschter seng Fuerderung no enger Zweestaateléisung widderholl. D‘Recht vum palestinensesche Vollek op en eegene Staat misst unerkannt ginn, esou de Guterres.

Israel attackéiert iranesch Revolutiounsgarden

Gëschter sinn an der syrescher Haaptstad Damaskus fënnef Membere vun den iranesche Revolutiounsgarden bei israeelesche Loftattacken ëm d‘Liewe komm. Den iranesche President Ebrahim Ra-isi huet dem Äerzfeind Israel Revanche ugedreet.

US-Basis am Irak ugegraff

Am Irak ass eng Militärbasis, déi vun US-Zaldote benotzt gëtt ugegraff ginn, mellen d‘USA. Kämpfer déi vum Iran ënnerstëtzt ginn, hätten eng Partie Rakéiten op déi Base geschoss.