Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Vun haut un gëllt an de Grondschoulen en Handyverbuet

Educatioun

Vun haut un gëllt an de Grondschoulen en Handyverbuet

Den Educatiounsminister Claude Meisch hat den Handyverbuet zejoert annoncéiert. Parallel gëllt an de Lycéeën en Handyverbuet am Unterrecht – do soll eng physesch Distanz tëschent Schüler:innen an Handy garantéiert ginn.

auto_stories

1 min

Am Klassesall kann den Handy eng grouss Oflenkungsgefor duerstellen. | © Adobe Stock
Am Klassesall kann den Handy eng grouss Oflenkungsgefor duerstellen. (Foto: Adobe Stock)

Lycéeë sinn ausserdeem encouragéiert, bis Päischten eegen intern Konzepter auszeschaffen. Genee Virgabe vum Ministère gëtt et hei net. 

Zil wier déi “richteg Balance tëschent der digitaler an der realer Welt”, sou den Educatiounsminister Claude Meisch zejoert bei der Annonce vun dësem Handyverbuet.