Wat duerno geschitt, géif beim Parquet leien. Primär géif de Fokus op der aggressiver an/oder organiséierter Heescherei leien, sou d’Police-Gewerkschaft weider. D’Police-Beamte waarden nach op méi detailléiert Instruktiounen déi nach virum Méindeg iwwert eng intern Nott sollen eraus goen. Den Inneminister sot bis ewell just, datt et eng erhéichte Police-Presenz vun de Méinden u wäert ginn – op Nofro hi wollt de Leon Gloden awer keng weider Froe beäntwerten.
arrow_back_ios
Noriichten
Noriichten
/ Vun e Méindeg u geet dat ëmstriddent Heescheverbued an déi repressiv Phas iwwer
Gesellschaft
Vun e Méindeg u geet dat ëmstriddent Heescheverbued an déi repressiv Phas iwwer
Deemno géife verstäerkt uniforméiert an och zivil Polizisten duerch d’Stad patrulléieren. D’Marlène Negrini vun der Police-Gewerkschaft confirméiert, datt all Form vun Heesche vu Moies siwe bis Owes zéng Auer an de betraffene Quartiere vun der Haaptstad verbueden ass a protokolléiert wäert ginn.
auto_stories
1 min
(Foto: picture alliance / Zoonar | HGVorndran)