search

/ Vun Arbitterkamera bis Zäitspill: Wat sinn déi nei Reegelen op der WM?

Fussball

|
reading time

5 min

headphones

4 min

play_arrow

Vun Arbitterkamera bis Zäitspill: Wat sinn déi nei Reegelen op der WM?

Am Fussball stinn net ëmmer just d'Sportler:inne selwer am Vierdergrond - heiansdo och déi, déi de Match leeden, nämlech d'Arbitteren. Wéi een Arbitter op der WM gëtt a wéi eng nei Reegelen applizéiert ginn, hu mir fir Iech resuméiert.

reading time

5 min

headphones

4 min

play_arrow
© EPA/ERIK S. LESSER
(Foto: EPA/ERIK S. LESSER)

U wat denkt Dir als éischt, wann Dir un de leschte grousse Fussball-Tournoi, nämlech d’EM virun 2 Joer an Däitschland, zeréckdenkt? D’Chancë si grouss, datt et dem Spuenier Cucurella säin “Hands” an der Véierelsfinall géint Däitschland war.

E perfekt Beispill dofir, wéi Arbitterdecisiounen an d’Reegele selwer an de sportleche Mëttelpunkt réckelen.

Dem Spuenier Marc Cucurella säin "Hands" géint Däitschland 2024 | © picture alliance / firo Sportphoto | Ralf Ibing
Dem Spuenier Marc Cucurella säin "Hands" géint Däitschland 2024 (Foto: picture alliance / firo Sportphoto | Ralf Ibing)

Dem Zäitspill gouf de Kampf ugesot

Egal ob EM oder WM: Virun deene groussen Tournoie ginn dacks neie Reegelen am Fussball ageféiert. Dës Reegele gi virdrunner vun der IFAB, dem zoustännege Gremium fir d’Reegelen am Fussball, festgeluecht.

Dës Kéier am Mëttelpunkt: Zäitspill, respektiv d’Bestrofung dovunner. Well d’Zäitspill grad a KO-Phas vun engem Turnéier ëmmer nees de Spillfloss stéiert, sollen d’Arbitter hei méi streng duerchgräifen.

Schonn zënter leschter Saison dierf de Golkipp de Ball net méi laang wéi 8 Sekonnen an den Hänn halen, soss kritt de Géigner e Corner. Elo gëllen och zäitlech Limitte beim Ofstouss a beim Aworf.

Verletzunge solle manner dacks virgetäuscht ginn

Dat selwecht gëllt fir d’Awiesslungen: Wann den ausgewiesselte Spiller den Terrain net no 10 Sekonne verlooss huet, muss den Awiesselspiller 1 Minutt waarden, éier hien op den Terrain dierf. D’selwecht och no enger Verletzungspaus.

Dem Alex Krüger, President vum Comité vun den Arbittere bei der FLF no eng gutt Initiativ, déi de sportlech faire Wettkampf stäerke wäert. 

“Wann e Spiller wierklech um Buedem louch ouni wierklech eppes ze hunn, oder probéiert, eng Verletzung virzetäuschen. Dat kënnt jo awer relativ oft vir, datt si da leie bleiwen, an da soubal se dobausse sinn erëm wëllen eragerannt kommen. Ech mengen, och mam Golkipp, déi 8 Sekonnen, do schwätzt haut kee méi dovunner an do hunn d’Golkipper sech relativ séier drop agestallt.”

D’Arbittere sollen awer net blann dës Zäitlimitten anhalen, seet de lëtzebuergesche Schidsriichter.

“Fangerspëtzegefill muss natierlech do sinn. Wann een déi 5 Sekonne bei engem Aworf erofzielt, da soll awer de Spiller och prett do stoen an net mol nach de Ball siche lafen.”

Méi Méiglechkeete fir de VAR fir anzegräifen

Eng weider Ännerung betrëfft de VAR, de Video Assistant Referee. Deen dierf elo och bei enger zweeter Gieler Kaart fir e Spiller agräifen, bei Corner-Entscheedungen, oder wann e Spiller vum Arbitter verwiesselt ginn ass.

Méi Afloss also, wat dem Alex Krüger no d’Diskussiounen ëm de VAR nëmmen nach méi ufache kéint.

“Wann een eng Giel-Rout Kaart gëtt, dat muss wierklech eppes Däitleches sinn, dat dierf näischt Zweifelhaftes sinn. Ech fäerten, datt do awer iergendwann Diskussiounen awer opkommen.”

Well, esou den Alex Krüger, d’Entscheedungen am Fussball leien dacks an enger Grozon, an et ass eeben net alles Schwaarz oder Wäiss.

De Video Assistant Referee am Asaz. | © EPA/Jose Jacome
De Video Assistant Referee am Asaz. (Foto: EPA/Jose Jacome)

De laangen a schwéiere Wee fir WM-Arbitter ze ginn

Fir all dës nei Reegelen ëmzesetzen si bei dëser WM 52 Arbitteren, 88 Assistenten an 30 Videoschidsriichter am Asaz. Dorënner och 6 Fraen.

WM-Arbitter ze ginn ass allerdéngs alles aneschters wéi einfach. Potentiell Arbitter gi bis zu 3 Joer laang observéiert a bewäert. An Europa bei der UEFA sinn d’Arbitteren an 3 Kategorien ënnerdeelt. Déi ënnescht Kategorie sinn d’Ufänger. An déi iewescht komme just déi bescht.

“An da kënnt een ëmmer eng Kategorie weider. Et fänkt ee Conference League un, Europa League, Champions League. Et päift ee Lännermatcher dotëschent. A wann een dann do wierklech ganz ganz gutt ass, da kënnt een an d’Elitt era vun den Arbitteren. A wann een da richteg gutt ass, dann huet ee vläicht eng Kéier Chance fir mat op eng WM ze goen.”

E Lëtzebuerger Arbitter op enger WM? Éischter onwarscheinlech

D’Chance, datt e Lëtzebuerger eng Kéier op enger WM päift, ass dowéinst awer ganz kleng.

“Do muss et ee sinn, deen extreem vill Chance huet, deen extreem gutt päift. Dat heescht, déi éischt Matcher ,déi hien huet, déi musse klappen. An da muss och een do sinn, deen hanner engem steet, well mir sinn awer e klengt Land a mir hu kee VAR.

Wärend der Gruppephas da ginn d’Arbittere weider observéiert a bewäert. Just déi bescht dierfen an der KO-Phas dobäi sinn. Dat eegent Land dierf een natierlech net päifen.

Bodycams: Net just e Gimmick

Wat och nach nei ass sinn d’Bodycams bei den Arbitteren. Eng kleng Kamera weist den Zuschauer, wéi d’Vue vum Schidsriichter ausgesäit. An dat ass net just e coole Gimmick, betount den Alex Krüger.

“Déi Bodycame ginn awer och geholl a verschiddene Länner fir d’Jugendmatcher oder bei ënneschten Divisiounen. Wann do en Arbitter aggresséiert gëtt, da gëtt dat automatesch mat opgeholl. Dann huet ee ganz aner Awierkungen, wat d’Strofen herno ugeet an do sinn Etüde gemaach ginn, datt do vill manner Aggressivitéit um Terrain ass, wann d’Spiller wëssen: Hei ech gi gefilmt a wann ech dem Arbitter eppes soen, da gëtt dat och opgeholl.”

D'Bodycams sinn um Headset vun den Arbittere befestegt. | © picture alliance / Pressefoto Ulmer | Markus Ulmer
D'Bodycams sinn um Headset vun den Arbittere befestegt. (Foto: picture alliance / Pressefoto Ulmer | Markus Ulmer)

An a propos eppes um Terrain soen: Wann ee beim Schwätze mat engem Géigespiller d’Hand virun de Mond hält, da kann et sinn, datt een eng Rout Kaart kritt. Esou kënnen d’Spiller net méi verstoppen, wa si e Géigespiller beleidegen, oder souguer diskriminéieren.

play_arrow Lauschteren