arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi iranesch Fussballspiller hunn all hire Visa an den USA accordéiert kritt

Fussball-WM

|
reading time

1 min

Déi iranesch Fussballspiller hunn all hire Visa an den USA accordéiert kritt

D‘nächst Woch fänkt d‘Fussball-WM an den USA, Mexiko a Canada un. Déi iranesch Fussballspiller hunn elo hir amerikanesch Visaen accordeiert kritt. Dat zu engem Ament, wou den Iran an d‘USA sech géigesäiteg am Golf ugegraff hunn.

reading time

1 min

Eng Dose Leit vum sportlechen an medezineschen Staff vun der Ekip kruten den Visa awer refuseiert, huet déi iranesch Norichtenagence. Och de President vun der iranescher Fussballfederatioun, e fréiere Kommandant vun den iraneschen Revolutiousngarden, däerf net aressen. 

D‘Iraner spillen déi éischt dräi Matcher vum Tournoi an den USA.