Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
search

/ Vum Hung a vum Ee respektiv vum Krich an de Waffen

Fräie Mikro

Vum Hung a vum Ee respektiv vum Krich an de Waffen

De Problem vum Hung a vum Ee – oder déi éiweg Fro: Wat war fir d'éischt do? Domat beschäftegt sech elo am Fräie Mikro de Jean-Luc Thill a konzentréiert sech dobäi méi genee op d'Fro, ob fir d'éischt de Krich oder d'Waffen existéiert hunn.

auto_stories

4 min

headphones

4 min

Jean-Luc Thill | © Chris Zeien play_arrow
Jean-Luc Thill (Foto: Chris Zeien)

Dat et dem Modell vun Demokratie, egal op international oder europäesch, net besonnesch gutt geet ass an der Lescht net schwéier festzestellen. Ugefaange bei Staaten deenen hier Keese schonns Joerzéngten eidel sinn, ouni datt d'Vollek dat soll gemierkt hunn, bis bei Länner wou demokratesch Strukturen esou gutt sinn, datt permanent Reformbedarf besteet fir opzehale mam russesche Bier a senger militärescher Spezialoperation, woubäi de Westen e Krich soll doraus gemaach hunn. 

Trump 2.0, Brexit a Friedrich

Guer net ze schwätze vun den dausende vu Meschen, déi un eis europäesch Dier klappe fir eragelooss ze ginn. Mir sinn zwar gewinnt Leit mat vill Misär an Europa opzehuelen, virausgesat de Misär besteet doranner, datt dës "Hickëcht" net sou richteg weess wouhi mat all hirem Geld. 

Besteet de Misär awer einfach doranner, datt an der Heemecht vun dëse Mënschen d'Liewen duerch Kricher oder soss Konflikter onméiglech ginn ass, fir dee Misär schénge mir kee richtege Plang ze hunn. D’Rechnung léisst och net laang op sech waarden: Dobäi heescht se Trump 2.0. Heiheem wier et de Brexit an ob de Friedrich dat hale kann, wat e versprécht léisst dem Exportweltmeeschter, also eisem däitschen Noper, déi éischt Schweesspärelen iwwert Stier lafen.

Mat der Wourecht léisst et sech besser liewe

Engersäits, also Politiker, déi net agesinn, datt déi Schwieregkeete vun haut oft d'Friichte vu genau där Politik - also hirer eegener – vu virdru sinn. An anersäits Bierger deenen et ze laang ze gutt gaangen ass, fir kritesch a vigilant ze bleiwen. Resultat: Dem Putin wollt kee gleewen an d'Ukrain gouf ugegraff. Aus der Iddi: Fridden duerch Handel, gëtt Fridden duerch Oprëschtung - am Resumé: wa Revolutioun hir eege Kanner frësst.

Sou schéngt dat anzetrieden, wat de Lyotard scho viru 35 Joer a sengem Rapport iwwert déi postmodern Konditioun ugekënnegt huet. An zwar, datt sech lues awer sécher kee méi fënnt, deen all déi schéi Geschichte gleeft, déi soss eis Institutiounen, eis politescht a moralescht Handele jo eis ganz Gesellschaftsstruktur legitiméiert hunn.

Dobäi war dat mat der Wourecht nach ni en einfacht Geschäft a virun allem kee kamoud. Do ass och den Tipp aus der Bibel: Mat der Wourecht léisst et sech besser liewe, nëmmen e schwaachen Trouscht.

Esou schéngt et, wéi wann de Cocktail aus dem politesche Rietsruck kombinéiert mam Trump 2.0 an dem Krich an der Ukrain zu enger Onrou am Héngerstall gefouert hätt, an deem jidderee kuckt, ob sech net awer nach e puer Käre fanne loossen. 

Et ass egal wat als éischt do war

Virun allem awer soll keen Ee méi geluecht ginn, a scho guer kee fault. Sinn 500 Milliarden esou ee fault Ee? Féiert Oprüstung net awer - fréier oder spéider - zum Asaz vun deem Material, also zum Krich? Seet d'Logik vun der Saach dann net eng nei Flüchtlingswell viraus - mat eis als Kollateralschued? Sinn humanitär Hëllefsmissiounen net awer en deier bezuelte Service après-vente vum Waffenhandel?

Kuerz, wann d'Hinger bis net méi un hir eegen Eeër gleewen, dann ass et och egal wat fir d'éischt do war. Da stellt sech d'Fro op een net besser hätt vun der Kaz ze schwätzen, déi sech selwer an de Schwanz béisst. 

Wéi esou eppes kann ausgesi war virgëscht an der Chamber ze héieren: D'Aktualitéitsstonn iwwer d'Defense vun der Demokratie. Iwwregens hunn den Hinger hier Eeër scho laang en Dual-Use a nawell landen se um Enn vum Dag ëmmer am Dëppen - gekacht oder gegrillt. 

Lauschterenplay_arrow

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënnert der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.