Hätt een dem Carlos Teixeira um Ufank vun der Saison gesot, datt hie mat sengem Club FC Atert Bissen Champion géing ginn, hätt hien et “net gegleeft”, esou de President vum Club am 100,7 Interview. Just gedreemt hätt hien dovun.
Eng Etapp no der anerer gekuckt
Realistesch hätt een déi lescht 3 Matcher ugefaang un den Titel ze gleewen, seet se Carlos Teixeira. Dee Moment huet Déifferdeng Plomme gelooss an de Wee zum Titel war net méi wäit.
Eng dramatesch Finall ass et dunn um leschte Spilldag ginn, wou ausgerechent béid Clibb géintenee gespillt hunn. Biissen konnt sech 1:0 doheem géint Déifferdeng duerchsetzen.
Wärend der Saison wier een awer eng Etapp no der anerer ugaangen, zielt de President vu Biissen. Als éischt stoung de Maintien op der Lëscht, dunn d’Zil fir europäesch ze spillen, a réischt zum Schluss de Championstitel.
Stécheleie vum Déifferdeng-President
Am Quotidien huet de President vun Déifferdeng, de Fabrizio Bei, sech awer um David géint Goliath Narrativ gestéiert a Biissen ënnerstallt, vun anere Clibb Hëllef kritt gehat ze hunn. Biissen huet déi Matcher virum leschte Spilldag nämlech kloer gewonn. Dorob wëllt de Carlos Teixeira awer net äntweren.
“Dat ass dem President vun Déifferdeng seng Meenung. Ech ka just soen, eis Jongen hunn déi lescht 3 Matcher fantastesch gespillt an de Maximum gemaach. Ech ginn net op esou Provokatiounen an. Ech respektéiere seng Meenung, mee ech mengen, mir si verdéngt Champion ginn.”
De Carlos Teixeira mierkt och un, datt Déifferdeng am Laf vun der Saison och selwer Feeler gemaach hätt a Punkte leie gelooss huet.
Erfollegsrezept "Schaffen"?
Biissen huet et net just gepackt, als Opsteiger Champion ze ginn. Si ware virun 2 Joer nach drëttklasseg. Zwee Opstiger hannereneen, gekréint mat engem Championstitel, dat ass an Europa bis ewell just dem bulgaresche Veräi Ludogorez Rasgrad gelongen.
Mee wat ass d’Erfollegsrezept? “Schaffen an de Maximum dofir maachen”, seet de Carlos Teixeira.
“Den Objektiv vun engem Veräin zu Lëtzebuerg ass et, fir Stabilitéit a Wuelstand ze fannen, wou d’Leit sech bëssen amuséiere kënnen a schéi Momenter hunn. Wat ass geschitt: Dat éischt Joer si mir gestigen a Champion ginn, dat zweet Joer de Barrage gewonn, an dat drëtt Joer war einfach fir ze genéissen.”
Realistesch gesi géif et awer keen Erfollegsrezept ginn, mengt de Carlos Teixeira. Hie seet awer, datt de Veräin duerch seng Methoden aner Leit a Spill unzéie kann, wéi vläit d’Konkurrenz.
De Spiller intressant "Perspektive" bidden
Konkret mengt hien domadder op där enger Säit d’Infrastruktur zu Biissen, déi an der Lëtzebuerger Fussballwelt senges Gläiche sicht.
Den zweete Punkt sinn d’”Perspektiven”, déi een de Spiller kéint bidden. Bei de Salairë géing ee “sech kleng” halen, mee d’Spiller kréien awer dacks eng Aarbechtsplaz als Géigeleeschtung proposéiert.
Dat ass méiglech, well de Carlos Teixeira Entrepreneur ass a seng eegen Entreprisen huet. Dat géing him déi néideg “Flexibilitéit” ginn. Dobäi kéimen nach “d’Kenntnisser ronderëm” an d’Vertrauen, déi d’Leit an hien hätten.
Biissen kéint op vill kleng Sponsoren zielen, seet de Club-President. Et wier awer keen, dee lo e méi extra enke Lien zum Veräin hätt. Säi But wier et ëmmer gewiescht, datt de Club sech autofinanzéiere kéint. Mee ouni Sponsore geet et zu Lëtzebuerg net.
“Wann Entreprisen d’Veräiner net ënnerstëtzen, da komme si net wäit. Mir hunn net vill Akommes wéi am Ausland duerch Tëlee oder Subventiounen.”
Sech an den Top 5 vun der Liga etabléieren
Wat déi nächst Ziler ugeet wéilt ee genau esou weiderschaffe wéi bis elo. Och wann ee sech bewosst wier, datt d’Konkurrenz grouss ass, esou wéilt ee sech awer an der BGL-League etabléieren an am léifsten ëmmer an den Top 5 landen.
E groussen Ëmbroch wäert et trotz dem Titel awer net ginn, seet de Carlos Teixeira. Et hätt een an de leschten 3 Joer ëmmer Wäert drop geluecht, datt de Gros vun der Ekipp onverännert bleift, an een net tëschent de Saisone 70 Prozent vun der Ekipp austauscht.
Et wier allerdéngs och logesch, datt deen een oder anere Spiller de Veräi verléisst. Hiren Top Buteur, de Roman Ferber, dee wäert awer bleiwen, verréit de Carlos Teixeira.
Duerch de Championstitel wäert Biissen nächst Saison d’Qualifikatioun fir d’Champions League spillen. Dat ass natierlech en Ureiz, fir datt d’Spiller bleiwen, oder awer och neier dobäikommen.
Finanziell hëlleft et dem Veräin och, mee et wier awer elo net fir de “Coffre fort opzemaachen”, a Suen ausginn, just well een der huet, warnt de Carlos Teixeira.
Champions League zu Déifferdeng?
Ee Problem muss awer nach geléist ginn: De Stadion zu Biissen erfëllt net d’Konditiounen, fir datt Champions League do kéint gespillt ginn. Am Quotidien hat de Carlos Teixeira d’lescht Woch scho kritiséiert, datt Lëtzebuergesch Veräiner net d’office am Nationalstadion spille kéinten, ouni vill Suen dofir mussen op den Dësch ze leeën.
Eng Äntwert vun der Sportsminsitesch Martine Hansen hätt hien dorop net kritt. Ironescherweis ass nieft dem Stadion och den Terrain zu Déifferdeng eng Alternativ. Dat wier fir de Carlos Teixeira awer kee Problem. An deem Fall kéim et nämlech net op e Konkurrenzgedanken un.
“Wann een europäesch spillt, egal wéi ee Veräin, da verteidegt een och d’Faarwe vum Land.”