Dorënner ass och de Verteideger Helmer Tavares, deen de Moment nach zu Alcobendas a Spuenien spillt. Awer net méi laang, wéi de Coach zu Monnerech ugekënnegt huet.
"Den Helmer ass e jonken Inneverteideger, deen an der U21 schonn des Ëftere gespillt huet, sou wéi all déi aner Spiller och, mat defensiv gudde Qualitéiten, huet gëschter e Profikontrakt ënnerschriwwen, fir déi nächst 4 Joer, um Valladolid, a Spuenien."
Nei am Kader sinn donieft d’Mëttelfeldspiller Diego Duarte vu Seraing an der Belsch a Miguel Goncalves vun Homburg an Däitschland. Grad wéi d’Stiermer Léon Elshan vun der Jeunesse Esch an Hamza Kadamani vu Metz a Frankräich.
Blesséiert ass de Leandro Barreiro vu Benfica Lissabon an deementspriechend net am Kader mat dobäi.
Chancë gi méi grouss fir eng EM-Qualifikatioun
Donieft gouf awer och an de leschte Stonne bekannt, datt esouwuel d’EM-Qualifikatioun wéi och d’Nations League solle reforméiert ginn. Esou soll et an der Nations League just nach dräi a keng véier Ligae méi ginn, an et géif an deem neie Format wéi an der Champions League oder der Europa League gespillt ginn, spréch a Gruppen.
D’EM-Qualifikatioun géif aus zwou Ligae bestoen, woubäi déi éischt den zwou ieweschte Ligaen aus der Nations League entsprieche géif.
Fir Lëtzebuerg géif et wuel méi schwéier ginn, fir Ekippen aus den Top 12 als Géigner ze kréien, sou den FLF-Jurist Marc Diederich.
"Op där anerer Säit, wann ech dat richteg verstinn, ginn awer d’Chancë méi grouss, sech vläicht eventuell fir eng EM ze qualifizéieren oder fir an de Barrage ze kommen, op d’mannst."
Dës Ännerunge sollen no der EM 2028 a Kraaft trieden.