arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Käerjeng gewënnt mat 25:23 géint Déifferdeng d'Finall vum Fraen-Handball

Sport

|
reading time

1 min

Käerjeng gewënnt mat 25:23 géint Déifferdeng d'Finall vum Fraen-Handball

Den aktuelle Champion Käerjeng konnt sech an der Coque géint Déifferdeng duerchsetzen. D'Käerjenger Frae kënnen nach den Doublé maachen: An der Finall vum Championnat sti si Diddeleng géintiwwer.

reading time

1 min

Handball | © Marino Bobetic / Unsplash
Handball (Foto: Marino Bobetic / Unsplash)

No der Coupe-Finall huet d'Käerjenger Spillerin Lena Kirtz erkläert, jiddereen hätt eng wichteg Roll an der Ekipp gespillt. 

"Deen ee kämpft fir deen aneren, egal wie rout huet, egal wien net um Terrain steet, egal wien um Terrain steet: Mir hu souvill Spiller, déi op esou ville Positioune kënne spillen. Dat ass wierklech eis grouss Chance." 

Hir Ekipp wier villfälteg a jidderee kéint iwwerall spillen, esou d'Lena Kirtz. 

"Eis Goalkeeper si genial. Ouni déi géife mir net hei stoen. Mir hunn eng Mauer hannen, op déi kënne mir eis ëmmer verloossen, esou wéi si sech op eis. An deene wichtege Momenter ware mir do." 

Um Enn hätt dat wuel den Ënnerscheed gemaach, esou nach d'Käerjenger Spillerin.