Radioen

On air

Tockcity  |  DJ Koze, Arnim, The Düsseldorf Düsterboys - Wie Schön Du Bist

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vullegripp H5N1: Risiko vun enger neier Pandemie?

No der Ausbreedung op Mëllechkéi

Vullegripp H5N1: Risiko vun enger neier Pandemie?

Steet déi nächst Pandemie virun der Dier? D‘Fro stellt sech nodeems den H5N1 Vullegripp-Virus an den USA vu Mëllechkéi op Mënschen iwwergaangen ass. Iwwer de Risiko vun enger neier Pandemie hu mir mat enger Expertin vum Luxembourg Institute of Health geschwat. 

auto_stories

5 min

headphones

5 min

Kou | © Bigstock play_arrow
Foto: Bigstock

De Vullegripp-Virus H5N1 ass zënter Joerzéngte bekannt. En ass wäit verbreet bei wëlle Vigel, an infizéiert och ëmmer nees kommerziell Gefligelbetriber. Den H5N1 ass also net nei, seet och d‘Chantal Snoek, Fuerscherin am Departement Infektioun an Immunitéit vum „Luxembourg Intitute of Health“ LIH.

"Ce qui est nouveau, c'est la transmission à des mammifères, notamment à la vache."

An den USA huet den H5N1 sech dëst Joer bei Mëllechkéi ausgebreet. 139 Häff an 12 US-Staate sinn infizéiert, esou de Center for Disease-Control. A vun de Kéi ass de Virus op Leit iwwergaangen, déi do schaffen.

Suerge maachen, ouni awer ze panikéieren

Véier Persoune goufen infizéiert. Jeeweils een an de Staate Colorado an Texas, an zwee am Bundesstaat Michigan. Si hate liicht Symptomer a goufen nees gesond. Mee den H5N1 ass geféierlech fir Mënschen. Zënter 2003 gouf et weltwäit ronn 850 Fäll bei Mënschen, dovu sinn iwwert d‘Hallschent gestuerwen. De Mortalitéitstaux läit bei 52 Prozent.

D‘Situatioun an den USA wier e Grond, sech Suergen ze maachen, seet d‘Fuerscherin Chantal Snoek. Et géing awer aktuell nach kee Grond zur Panik ginn.

"Le virus n'est pas encore prêt pour générer une pandémie. Donc, les virus doivent encore s'adapter. Pour être responsable pour une pandémie il faut qu'il puisse ses transmettre facilement entre les hommes, et ce n'est pas encore le cas."

Als Vullegripp-Virus ass den H5N1 u säin ursprénglechen Hôte – nämlech Vigel – ugepasst. Fir eng Pandemie wéi Covid auszeléisen, misst e sech nach vill änneren.

"Il doit pouvoir se répliquer dans les voies respiratoire hautes d'un homme. Et pour ça, il doit changer de récepteurs cellulaires."

Dës Adaptatioun, fir tëscht Mënschen iwwert de Loftwee ustiechend ze ginn, sou wéi bei Covid, huet den H5N1 also nach net fäerdeg bruecht. Duerch d‘Infektioune bei Mëllechkéi an den USA ass awer elo e Reservoir entstanen, wou de Virus méi Méiglechkeete krut, ze mutéieren.

"Ce n'est clair que la circulation du virus chez des mammifères comme la vache offre des possibilités d'adaption du virus qu'il n'avait peut-être pas avant. Donc, c'est une situation à surveiller, bien évidemment."

Lëtzebuerg: Keng extra Iwwerwaachungsmesuren

Iwwerwaachung a Preventiounsmesurë goufen och verstäerkt. An den USA gi méi Tester gemaach, an d‘Restriktiounen, fir den Transport vu Kéi, goufe méi streng. Kanada, de gréissten Importateur vu liewege Kéi aus den USA, verlaangt elo Tester, ier d‘Kéi exportéiert ginn.

Wéi ass et mat der Mëllech? Eng Fro. déi dacks opkomm ass, nodeems an den USA Spuere vum H5N1 a pasteuriséierter Mëllech aus engem Supermarchéë fonnt goufen.

"Ce qu'ils ont retrouvé dans le lait, ce sont des traces génétiques. C'est-à-dire, du reste du matériel génétique du virus, avec des outils tellement pointilleux et sensibles, qu'on arrive à trouver ces traces, alors qu‘il y a peut-être des quantités infinies de matériel génétique. Donc il a été prouvé que la pasteurisation du lait inactive le virus de la grippe. Donc, en buvant du lait pasteurisé, il n‘a a pas de risque de contracter la grippe."

An Europa gouf et nach kee Fall vun H5N1 bei Mëllechkéi. Zu Lëtzebuerg misste keng extra Iwwerwaachungsmesuren en place gesat ginn, äntwert d‘Gesondheetsministerin Martine Deprez op eng parlamentaresch Fro vun der CSV. Well Lëtzebuerg kéng Kéi aus den USA importéiert, kéint een de Risiko vun Infektiounen tëscht Kéi hei am Land ausschléissen, esou d‘Ministerin.

D'Chantal Snoek ass Fuerscherin am Departement Infektioun an Immunitéit vum „Luxembourg Intitute of Health“ LIH. | © Luxembourg Institute of Health
D'Chantal Snoek ass Fuerscherin am Departement Infektioun an Immunitéit vum „Luxembourg Intitute of Health“ LIH. (Foto: Luxembourg Institute of Health)

USA: E Vaccin gëtt entwéckelt

De Risiko, fir als Mënsch mam H5N1 infizéiert ze ginn, gëtt den Ament vun der Weltgesondheetsorganisatioun als kléng agestuuft fir déi allgemeng Populatioun, an als moderat fir Professioneller, déi méi exposéiert sinn. Dorënner Leit, déi a Gefligel-, Mëllechkéi- oder Pelz-Betriber schaffen.

Fir si recommandéieren éischt Länner awer och schonn eng Impfung géint den H5N1. Finnland huet dat elo gemaach. D‘USA hunn der Firma Moderna 176 Milliounen Dollar gi fir een mRNA Vaccin géint d‘Vullegripp ze entwéckelen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Gesondheet