Wéi d‘House of Automobile matdeelt, sinn si bis elo dëst Joer ronn 38.000 nei Autoen ugemellt ginn. Dat sinn der bal 6.000 méi wéi d‘lescht Joer.
Et sinn der awer däitlech manner, wéi d‘Trimester virdrun, mee dat kéint doru leien, datt déi Leit, déi laang op hiren neien Auto hu misste waarden, en an Tëschenzäit kritt hunn, an datt d‘Liwwerzäite sech elo rëm normaliséiert hunn.
Et ginn dann och ëmmer méi Elektroautoe verkaaft. Déi maachen an Tëschenzäit méi wéi ee Fënneftel vun den nei verkaaften Autoen aus. D‘Bensinnsautoe bleiwe stabel bei 34 Prozent, iwwerdeems d‘Dieselautoe weider zréckginn, mat manner wéi 16 Prozent vun de Venten.