Radioen

On air

Notturno  |  Velly Joonas - Kaes On Aeg

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Virwalen am US-Bundesstaat Michigan

USA

Virwalen am US-Bundesstaat Michigan

An den USA sinn haut am Staat Michigan weider Virwale fir d‘Presidentschaftskandidatur. Bei de Republikaner gëllt de fréiere President Donald Trump och do als Favorit. Hien huet bis elo all d‘Virwale gewonnen.

auto_stories

1 min

Déi fréier UNO-Ambassadrice Nikki Haley bleift awer als eenzeg Konkurrentin vum Trump bei de Republikaner an der Course.

Bei den Demokraten ass d‘Kandidatur vum President Joe Biden esou gutt ewéi sécher. Bei de parteiinterne Virwalen huet hie keng wierklech Géigekandidaten.

D‘Ofstëmmungen a Michigan si besonnesch intressant well et sech ëm e sougenannte „Swing“ Staat handelt – dat heescht, ee vun de Staaten, wou de Gewënner net vu vir eran kloer ass, an deen decisiv fir den Ausgang vun der Presidentschaftswal ka sinn.