Radioen

On air

Notturno  |  Florence Besch - Weak

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Taifun Gaemi fuerdert op d'mannst 20 Mënscheliewen - E Pëtrolsschëff ass virun der Küst ënnergaangen

Philippinen

Taifun Gaemi fuerdert op d'mannst 20 Mënscheliewen - E Pëtrolsschëff ass virun der Küst ënnergaangen

Den Taifun Gaemi huet am Norde vun de Philippinne bis elo op d‘mannst 20 Doudesaffer gefuerdert. Iwwerdeems ass virun der philippinnescher Côte een Tanker ënnergaangen. Iwwer eng Millioune Liter Pëtrol riskéieren an d'Mier ze geroden.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance/dpa | Girlie Linao

An der Haaptstad Manilla an an de Provënze ronderëm sinn op d'mannst 20 Leit bis elo gestuerwen. Do gouf et grouss Iwwerschwemmungen an Äerdrutscher.

Virun der philippinnescher Côte ass iwwerdeems e Pëtrolsschëff ënnergaangen, dat annerhallef Millioune Liter Pëtrol gelueden huet. Vun de 17 Equipage-Membere goufen der 16 gerett. Eng Persoun gëtt vermësst.

Aus dem Schëff leeft Pëtrol an d‘Mier. E 4-Kilometer-laange Pëtrolsteppech hätt sech forméiert, esou e Spriecher vun der Küsten-Iwwerwaachungs-Autoritéit. Et géif probéier ginn, d‘Fuitte am Schëff ze stoppen. Wéinst vill Wand an héije Welle wier dat awer schwéier.

En anert Transportschëff ass virun der Küst vum Taiwan ënnergaangen. Do ginn 9 Membere vum Equipage vermësst. Um taiwanesche Land si bis elo dräi Leit wéinst dem Taifun ëm d‘Liewe komm.