Radioen

On air

Notturno  |  Nicool - De Sonnden

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Virwale bei de Republikaner am Bundesstaat Michigan: Kloer Victoire fir Donald Trump

USA

Virwale bei de Republikaner am Bundesstaat Michigan: Kloer Victoire fir Donald Trump

De fréieren US-President Donald Trump huet wéi erwaart och am Staat Michigan d‘Virwale fir d‘Presidentschaftskandidatur bei de Republikaner gewonnen. D‘Resultater sinn nach net definitiv, mee Medien an den USA prognostizéieren eng weider kloer Victoire fir den Donald Trump géint seng eenzeg Konkurrentin Nikki Haley.

auto_stories

1 min

Donald Trump | © picture alliance / Consolidated News Photos | Annabelle Gordon - CNP
Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Annabelle Gordon - CNP

D’Nikki Haley huet bis elo nach keng vun de Virwale gewonnen, wéi laang si nach an der Course bleift ass onkloer.

Bei den Demokraten huet de President Joe Biden de Prognosen no am Staat Michigan gewonnen. Éischt Resultater deiten US Medien awer och drop hin, datt de Biden am Staat Michigan manner Ënnerstëtzung huet wéi an anere Staaten.

US-Medien erklären dat doduerch, datt a Michigan vill Amerikaner mat arabeschen Origine liewen, déi dem Biden seng Ënnerstëtzung vun Israel am Krich an der Gazasträif kritiséieren.

D‘Presidentschaftswalen an den USA sinn de 5. November. D‘Republikaner decidéieren hire Kandidat oder Kandidatin Mëtt Juli, an d‘Demokrate Mëtt August.