Radioen

On air

Notturno  |  Jaakko Eino Kalevi - Drifting Away

play_arrow Live
search

/ Virun 80 Joer: D'Grande-Duchesse Charlotte kënnt zeréck aus dem Exil

Nei Ausstellung am Resistenzmusée

Virun 80 Joer: D'Grande-Duchesse Charlotte kënnt zeréck aus dem Exil

Haut virun 80 Joer, also de 14. Abrëll 1945, ass d'Grande-Duchesse Charlotte vu London aus hirem Exil zeréck op Lëtzebuerg komm. Deen historeschen Dag ass gutt dokumentéiert: Net just duerch Presseartikelen, mee och duerch een Album, deen den deemolege Minister Victor Bodson als leidenschaftleche Fotograf fir seng Regierungskolleegen a sech selwer zesummegestallt huet.

auto_stories

3 min

© picture alliance / Usis-Dite/Leemage | ©Usis-Dite/Leemage
(Foto: picture alliance / Usis-Dite/Leemage | ©Usis-Dite/Leemage)

De Jérôme Courtoy ass Historiker am nationale Resistenzmusée zu Esch. Hien erkläert am 100,7-Interview, wéi deen Dag deemols verlaf ass. D'Regierung hätt sech deen Dag op d'Fluchfeld beginn, fir d'Grande-Duchesse kënnen ze empfänken, déi mat engem amerikanesche Fliger ageflu ginn ass.

"Do kënnt dann een Autocorso, déi fueren da bis an d'Stad eran. De ganze Wee gëtt si begleet vu jubelende Massen. Si fueren dann an d'Stad, ginn dann um Pont Adolphe vum Stater Schäfferot empfaangen offiziell an da fiert d'Grande-Duchesse weider bis op de Palais, wou si da schliisslech um Balcon sech der Masse weist."

Dat war esou ze soen déi grouss Finall, seet de Jérôme Courtoy. Dat ass och do, wou de Fotoalbum vum Victor Bodson eigentlech ophält.

D'Ardennenoffensiv mécht ee Stréch duerch d'Rechung

Eigentlech hätt d'Grand-Duchesse Charlotte schonn no der éischter Befreiung vum Land am Hierscht 1944 sollen heemkommen, mee d'Runnstedt-Offensiv am Norde vu Lëtzebuerg huet ee Retour dee Moment onméiglech gemaach an dofir huet et du bis de 14. Abrëll 1945 gedauert.

"Natierlech, de Krich dauert nach e bësse weider, mee fir Lëtzebuerg ass dat den Enn vum Zweete Weltkrich. D'Ardennenoffensiv war fäerdeg. Lëtzebuerg ass fir d'zweet befreit ginn an du kënnt eis d'Staatsoberhaupt erëm zeréck an da fänkt fir Lëtzebuerg de Wiederaufbau eigentlech un."

An Erënnerung un de Retour aus dem Exil vu virun 80 Joer ginn um Méindemoien op der Place Clairefontaine beim Monument vun der Grande-Duchesse Charlotte Blummen néier geluecht, vum Haff, vun der Regierung an och vun der Chamber.

Déi nei Open-Air-Expo op der Escher Brillplaz. | © Resistenzmusée
Déi nei Open-Air-Expo op der Escher Brillplaz. (Foto: Resistenzmusée)

Open-Air-Ausstellung op der Brillplaz

Fir dee ronne Joresdag huet den nationale Resistenzmusée och eng Ausstellung zesummegestallt, an dat net just bannen am Musée selwer, mee och viru senger Hausdier op der Brillplaz zu Esch, erkläert den Historiker Jérôme Courtoy.

"Zum 80. Joresdag vum Retour hu mir eis geduecht gehat, datt mir eng vun eisen Open-Air-Ausstellungen eeben deem Retour do widmen, an datt mir am Fong d'Symbolfigur Grande-Duchesse Charlotte do méi an de Vierdergrond setzen. Natierlech de Retour ass en Deel dovunner. Awer gläichzäiteg, wat bedeit d'Grande-Duchesse Charlotte och wärend dem Krich?"

Et wier souwuel eng Symbolfigur fir de Widderstand, wéi spéider hin awer och eng Symbolfigur vun der Hoffnung, esou e Jérôme Courtoy weider. Ënner anerem och duerch d'Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse, déi e wichtegen Acteur beim Wiederaufbau gouf. 

An déi Ausstellung, un där de Jérôme Courtoy als Historiker am Resistenzmusée matgeschafft huet, ass nach bis ufanks August op der Brillplaz zu Esch ze gesinn.