D’Traditioun vum Klibberen ass enger chrëschtlecher Erzielung entsprong, där no d’Kiercheklacken um gréngen Donneschdeg op Roum fléien, fir do ze beichten, erzielt d'Tanja Konsbrück, si ass Cheffin vun der Vereenegung vun de Lëtzebuerger Massendénger. An den Deeg virun Ouschtersonndeg sinn d’Massendénger mat hiren Instrumenter moies, mëttes an owes iwwerall am Land ënnerwee. Virun 100 Joer ware just männlech Massendénger un dëser Traditioun bedeelegt. Dat huet sech awer geännert, seet d’Tanja Konsbrück.
"Am Laf vun der Zäit, sou virun 30 Joer, si jo och déi éischt Meedercher Massendénger ginn, dat heescht sinn och Meedercher derbäi komm."
Hautzedaags ginn d’Massendénger an d’Massendéngerinnen och vu Schoulkanner, Jugendlechen a jonken Erwuessenen an den Uertschaften ënnerstëtzt.

Den Interview mat der Tanja Konsbrück
Eng Traditioun, déi an d’Vergiesse geréit
Um Samschdeg da ginn d’Kanner hire Loun an den Dierfer a Stied asammelen. Tanja Konsbrück mierkt, datt een an den Dierfer mat méi Begeeschterung begréisst gëtt, wéi an de Stied. Vill Leit wéissten net, wisou geklibbert gëtt a wat d’Erwaardunge bei dëser Traditioun wieren. Och kritt een net méi iwwerall Gruppen zesummen, fir Klibberen ze goen. Virun allem am Süde vum Land géif ee mierken, datt dee Brauch manner gelieft gëtt, wéi nach am Norden an am Osten.
D'Grënn heifir wiere villfälteg. Et ass eng al Traditioun, déi an d'Vergiesse geréit, well se net einfach gelieft ka ginn. Et braucht un Engagement, an dat moies, mëttes an owes. Och feelt et u Leit, déi sech ëm d’Organisatioun vun de Gruppe këmmeren.
"Wann ee sou en Zuchpäerd huet, deen dat dann organiséiert an een e bësse motivéiert am Duerf, dann ass dat eppes aneschters, wéi wann dat sou niewebäi leeft."
Gläichzäiteg géif d’Tanja Konsbrück awer och op de soziale Medie gesinn, datt a verschiddene Gemengen de Wëllen do ass, fir d’Traditioun weider ze féieren.
Nei Instrumenter vum Prisong zu Schraasseg
D’Instrument fir Klibberen ze goen, huet eng laang Geschicht. A ville Famille gi bis haut nach al Versiounen aus Holz un d’Kanner weidergereecht. Ganz nei Instrumenter ginn a Kooperatioun mam Prisong zu Schraasseg produzéiert. An engem Joer goufen der 80 verkaf, d’Nofro wier awer nach méi grouss gewiescht, seet d’Tanja Konsbrück.
Manner Jonker gi klibberen
Gläichzäiteg géif een awer och feststellen, datt den Nowuess u jonke Leit, déi bereet si klibberen ze goe staark ofgeholl huet. Ee Grond heifir gesäit d'Tanja Konsbrück bei der Ofschafung vum Reliounsunterrecht. Deen hätt engem d'Méiglechkeet gi Reklamm ze maache fir d’Traditioun vum Klibberen. Et misst een elo op anere Weeër d’Leit erreechen. Déi sozial Medië géifen haut eng wichteg Roll spillen an et géif ee probéieren d'Leit iwwer eng kathoulesch Newsletter ze erreechen.
All Joer virun Ouschtere ginn d'Kanner am ganze Land klibberen. Mir hunn d'Kanner zu Sandweiler beim Klibbere begleet.