Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Seed To Tree - Major Lydian

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Viru 5 Joer: Éischte Corona-Fall zu Lëtzebuerg

Eng Chronologie

Viru 5 Joer: Éischte Corona-Fall zu Lëtzebuerg

Haut viru 5 Joer gouf deen éischte Fall vum Coronavirus zu Lëtzebuerg nogewisen. Wat du koum, huet jiddereen nach an Erënnerung: Masken, Tester, keng Schoul, Homeoffice, Leit aus dem Fleegesecteur um Limitt. Dat gesellschaftlecht Liewe koum mat engem Lockdown, dee kuerz duerno verhaange gouf, zum Stëllstand. De Jo Welfringer mat engem Réckbléck

auto_stories

4 min

headphones

5 min

Coronatester | © picture alliance / Panama Pictures | Christoph Hardt play_arrow
Coronatester (Foto: picture alliance / Panama Pictures | Christoph Hardt)

Den éischte Corona-Fall gëtt et den 29. Februar 2020 zu Lëtzebuerg. Ee 40 Joer ale Mann hat sech an Norditalie mam Virus infizéiert. An dobäi bleift et net. D'Infektiounszuele klammen. Net eemol zwou Wochen drop, den 11. Mäerz, seet den deemolege Premier Xavier Bettel:

“Et wäerten hei zu Lëtzebuerg Leit krank ginn, vill Leit krank ginn. Et ass awer geféierlech fir déi Leit, nach eng Kéier, déi méi al sinn, also fir déi eeler Leit an déi Leit, déi Schwächten hunn um Niveau vun de Longen.”

Och fir déi vulnerabel Leit ze schütze gouf deen Dag och vun der Regierung ugekënnegt, datt bis op Weideres Eventer mat méi wéi 1.000 Leit net méi erlaabt wieren..

"Déi Mesüre si seriö, mee awer néideg"

Zwee Deeg drop, den 13. Mäerz, gouf et dunn och dat éischt Doudesaffer zu Lëtzebuerg, dat u Covid verstuerwen ass. Dat hat déi deemoleg Gesondheetsministesch Paulette Lenert matgedeelt.

“D'Persoun, déi un de Follge vum Virus gestuerwen ass, war eng eeler Persoun vu véierannonzeg Joer. Si war duerch hiren héijen Alter eng vulnerabel Persoun. Dofir wëll ech hei nach eng Kéier ënnersträiche wéi wichteg et ass, datt mir eis vulnerabel Bierger esou gutt wéi et nëmme geet schützen.”

Duerch d'Infektiounszuelen, déi andauernd klammen, an d'Gefor, déi vum Coronavirus ausgeet, decidéiert sech déi deemoleg Regierung de 15. Mäerz zu engem haarde Schrëtt: Restauranten, Baren, Muséeën, Schoulen an aner ëffentlech Ariichtunge mussen op onbestëmmt Zäit zoumaachen. De Xavier Bettel war sech bewosst, datt dëst hefteg Mesüre wieren, mee se wieren néideg.

“Ech si mir bewosst, datt dëst e spezielle Moment ass, fir ons alleguerten an och fir ons Gesellschaft. Déi Mesüren, déi mir elo huelen, si seriö. Si ginn och wäit. Et ass awer néideg, an et ass och richteg.”

Den 18. Mäerz gouf dunn de Krisennoutstand ausgeruff. Vun elo u gëllt et fir de Gros vun de Lëtzebuerger: Doheem bleiwen.

Maskeflicht an Ofstand halen

Eng herrscht eng ugespaante Stëmmung an de Klinicken. Chantiere goufen zougemaach. Eng nei Realitéit, déi ville Leit Angscht mécht, a mat där net jiddereen eens gëtt: Hamsterkeef a Sträit am Supermarché kommen op d'Dagesuerdnung. De Premier Xavier Bettel mécht dofir een Appell un d'Gesellschaft.

"Ech wëll, wann ech iwwer d'Supermarchéë schwätze wierklech soen, datt an den nächsten Deeg a Woche ganz sécher ëmmer Liewensmëttel an och aner Produiten, déi een onbedéngt brauch, akafe ka goen. Et muss een net eng Filial vun engem Supermarché doheem opbauen. Et muss een d'Saachen doheem net stockéieren. Et soll een net vergiessen, datt mam Stockage ganz oft déi Leit, déi fir Iech schaffen, fir ons alleguerte schaffe wärend dem Dag, nëmmen owes kënnen akafe goen. An déi kommen a Regaler, déi eidel stinn.”

Wärend d’Regierung alles probéiert, fir Lëtzebuerger aus dem Ausland zeréckzebréngen, gëtt de reguläre Passagéierverkéier um Findel ënnerbrach.

Déi fréier Gesondheetsministesch Paulette Lenert an den Ex-Premier Xavier Bettel. | © Jean-Christophe Verhaegen
Déi fréier Gesondheetsministesch Paulette Lenert an den Ex-Premier Xavier Bettel. (Foto: Jean-Christophe Verhaegen)

Eng schwéier Zäit fir d’Gesellschaft. Dofir huet och de Grand-Duc sech deemools un d'Populatioun geriicht.

“Mir wëssen, datt de Virus, deen d'Welt den Ament paralyséiert, ganz geféierlech ka si fir vulnerabel Persounen. Et ass essenziell, datt mir et fäerdegbréngen, d'Verbreedung vun dem Coronavirus ze limitéieren a virun allem dofir ze suergen, datt esou mann wéi méiglech Mënsche sech op ee Coup infizéieren. Jidderee vun eis huet do eng grouss Verantwortung.” 

Den 11. Mee ginn déi meescht Aschränkungen opgehuewen. Wann awer net den néidegen Ofstand agehale ka ginn, gëllt eng Maskeflicht. De 27. Mee dierften dunn och nees Caféen a Restauranten opmaachen.

Den zweete Lockdown

D'Freed ass awer just vu kuerzer Dauer: De 25. September musse Kulturbetriber, Caféen, Restauranten, Sportshalen a Schwämmen nees zoumaachen. An Enn Oktober gëllt dann och eng Ausgangsspär vun 23:00 Auer bis 6:00 Auer moies.

De 4. Dezember dunn nees Hoffnung: Eng Impfstrategie gëtt virgestallt: Als éischt sollte Leit aus dem medezinesche Beräich an eeler Leit geimpft ginn. D'Campagne start den 28. Dezember.

Am Dezember 2021 ginn et déi éischt Protester géint déi vun der Regierung ugeuerdent Mesuren. Déi fannen hiren trauregen Héichpunkt ee Joer drop, wou Demonstranten de Chrëschtmaart an der Stad stiermen.

No zwee haarde Lockdownen, enger laanger Impfcampagne an der haarder Aarbecht, besonnesch vun de Leit an de Klinicken, war dat Schlëmmst no bal zwee Joer eriwwer, a Lëtzebuerg koum lues a lues nees an de gewinnten Alldag zeréck.

  Lauschterenplay_arrow