D'Canicule a Frankräich huet an de leeschten Deeg eng ganz Partie Mënscheliewe kascht.
Iwwer 1.000 Doudeger duerch d'Hëtzt
Engem éischte provisoresche Bilan no goufen et zënter e Mëttwoch op d'mannst 1.000 zousätzlech Stierffäll, wéi d'Santé Publique matdeelt. Den Etablissement public preziséiert awer och, datt dës Zuelen net all Doudesfäll ëmfaassen an dowéinst d’Donkelziffer wuel nach däitlech méi héich ausfält.
Persounen déi doheem oder an Altersheemer gestuerwe sinn, goufe beispillsweis nach net matgezielt. Am Abrëll goufen et pro Dag duerchschnëttlech 900-1.000 Doudesaffer, leschten Donneschdeg a Freideg waren et der 1.400.
Canicule 2003 mat 15.000 Affer
Dës Zuele loossen un d’Canicule vun 2003 denken, bei där 15.000 Leit a Frankräich ëm d’Liewe koumen. Dës Canicule war am Verglach awer nach méi waarm an intensiv wéi déi vun 2003. D’Gesondheetsministesch Stéphanie Rist sot, et wier een haut besser op esou Situatioune preparéiert. Och de franséischen Inneminister Laurent Nunez huet dat gëschter betount.
D'Hëtzt wierkt nach no
Experte wéi de Philippe Juvin, Deputéierten a Chef vun den Urgencen an enger Paräisser Klinik, fäerten allerdéngs, datt och nach an den nächsten Deeg sëlleg Stierffäll constatéiert ginn an dobäi kommen. An de Paräisser Urgencë gouf et lescht Woch deelweis 40 Prozent méi Betrib wéi üblech.
De Premier Sebastien Lecornu wëllt dann haut an enger Krisesëtzung d’Canicule opschaffen an och scho Mesurë fir eng nächst diskutéieren. Météo France no kéinten d’Temperaturen d’nächst Woch nämlech nees staark eropgoen.