Radioen

On air

Moiesstudio  |  Biig Piig - Favourite Girl

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Vill international Kritik no de russesche Presidentewalen

Politik

Vill international Kritik no de russesche Presidentewalen

International Kritik kënnt haut no der Walvictoire vum russesche President Wladimir Putin. Allgemeng gëtt vun enger Farce geschwat, déi op Repressioun, Zwang a Bedruch géif baséieren.

auto_stories

1 min

Wladimir Putin | © picture alliance / Russian Look | Kremlin Pool
Wladimir Putin (Foto: picture alliance / Russian Look | Kremlin Pool)

Nodeems 98 Prozent vun de Stëmmen ausgezielt sinn, kënnt deen 71 Joer ale Staatschef op 87 Prozent vun de Stëmmen. Dat offiziellt Schlussresultat gëtt eréischt haut am Laf vum Dag bekannt. Mee zu Moskau op der Rouder Plaz goufen e Freideg schonn d‘Zeremonië fir d‘Walvictoire preparéiert. De Putin selwer, dee fir weider sechs Joer kann un der Muecht bleiwen an och duerno kann erëmgewielt ginn, gesäit d‘Victoire als grousse Vertrauensbeweis. Et koum allerdéngs op ville Plazen zu Protester, 74 Tëschefäll goufe gezielt, plazeweis goufe Leit forcéiert hir Walziedelen ze fotograféieren.

Protestaktioune viru Walbüroen

Um 12 Auer gëschter Mëtteg haten eng sëllege Wieler sech un enger Protestaktioun bedeelegt a sech virun de Walbüroe versammelt. 85 Leit goufe festgeholl. Däitsch Politiker hu vun den ondemokrateschste Walen zanter dem Enn vun der Sowjetunioun geschwat. Et géif och keen offiziellt Gratulatiounsschreiwes ginn.

Dem ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj no huet de Wladimir Putin guer keng Legitimitéit op sengem Posten.

De russesche President huet gëschter eng éischte Kéier de verstuerwenen Alexej Nawalny ernimmt. Säin Doud wier een trauregen Evenement. De Putin huet och confirméiert, datt eigentlech een Austausch géint russesch Staatsbierger decidéiert wier. Den Nawalny ass awer virdrun ënner onbekannten Ëmstänn an engem Lager a Sibirie verscheet.