Radioen

On air

Kultur um 5  |  Sechs nei Audiopostkaarte vum Guy Helminger aus Südamerika

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Viktor Orbán invitéiert de Benjamin Netanjahu an Ungarn

Nom Ausstelle vun engem internationalen Haftbefeel

Viktor Orbán invitéiert de Benjamin Netanjahu an Ungarn

De Viktor Orbán huet de Benjamin Netanjahu an Ungarn invitéiert. Dat nodeems gëschter um Donneschdeg een internationalen Haftbefeel géint den israeelesche Premier ausgestallt gouf wéinst presuméierte Krichsverbriechen an der Gazasträif.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou
Foto: picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou

Den ungaresche Premier assuréiert den Ament d‘Presidence vun der EU. Den europäeschen Diplomatiechef Josep Borrell hat gëschter ënnerstrach, datt d‘EU-Memberlänner den Haftbefeel misste respektéieren. Et misst ee sech der Decisioun widdersetzen, sot den Orbán an engem Interview. Hie géif jiddefalls garantéieren, datt den Netanjahu an Ungarn net géif festgeholl ginn.