Radioen

On air

  |  Owesconcert

play_arrow Live
search

/ Verwaltungsrot vum MUDAM: De President Patrick Majerus demissionéiert vu sengem Posten

Kultur

Verwaltungsrot vum MUDAM: De President Patrick Majerus demissionéiert vu sengem Posten

De Patrick Majerus, President vum Verwaltungsrot vum MUDAM, huet mat Effet immédiat vu sengem Posten demissionéiert. Dat huet de Musée gëschter um Mëttwochowend matgedeelt. Ursaache fir déi Demissioun ginn am Schreiwes keng genannt.

auto_stories

1 min

De Patrick Majerus war zënter 2021 op deem Posten. An Zäit vun dräi Méint soll de Posten nei besat sinn. Bis dohinner mécht déi aktuell Vizepresidentin Beryl Bruck den Interim.