Der UNO no si méi wéi 30 Millioune Leit am Sudan op Hëllef ugewisen. Bal 13 Millioune Leit sinn aus dem Land geflücht.
De Biergerkrich tëschent der Arméi an der RSF-Miliz huet virun zwee Joer ugefaangen. Och sexuell Gewalt géint Fraen ass wäit verbreet. D'lescht Woch hat d'RSF-Miliz e Flüchtlingscamp zu Samsam ugegraff. Medieberichter no koumen dobäi 450 Mënschen ëm d'Liewen.