International Konzerner géifen d’Leit deemno aus hiren Dierfer verjoen an se ënner Drock setzen. Well d’Ressourcë weltwäit gefrot sinn, géifen d’Konzerner alles maache fir hir Minnen aus ze bauen. Déi lokal Populatioun géif dovunner awer net profitéieren. De Kongo liwwert 70 Prozent vum globale Kobalt dee fir Batterië gebraucht gëtt. Laut Amnesty wier d’Energietransitioun zwar ganz wichteg, si dierft awer net op Käschte vun de Mënscherechter goen.
arrow_back_ios
Noriichten
Noriichten
/ Verstéiss géint Mënscherechter a Koffer a Kobaltminnen
Demokratesch Republik Kongo
Verstéiss géint Mënscherechter a Koffer a Kobaltminnen
An de Koffer a Kobaltminnen an der demokratescher Republik Kongo ginn et massiv Verstéiss géint Mënscherechter, dat schreift Amnesty International haut an engem Rapport.
auto_stories
1 min